1984
Joer From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1984. D'Joer 1984 huet op engem Sonndeg ugefaangen. Et war e Schaltjoer.
◄ |
19. Joerhonnert |
20. Joerhonnert
| 21. Joerhonnert
◄◄ |
◄ |
1980 |
1981 |
1982 |
1983 |
1984
| 1985
| 1986
| 1987
| 1988
| ►
| ►►
Evenementer
Wirtschaft
- 24. Januar: Den Apple Macintosh kënnt eraus.
Europa
Däitschland
- 23. Mee: De Richard Weizsäcker gëtt däitsche Bundespresident.
Lëtzebuerg
- 8.-9. Februar: Den amerikanesche Vizepresident George H. W. Bush ass fir en offizielle Besuch zu Lëtzebuerg.
- 24. Februar: D'Gesetz iwwer de Sproocheregimm hält Lëtzebuergesch als Nationalsprooch fest an definéiert d'Franséisch als Gesetzessprooch, an Däitsch, Franséisch a Lëtzebuergesch (dans la mesure du possible) als Verwaltungssproochen.
- 5. Mee: D'Désirée Nosbusch féiert duerch de Programm vum Grand Prix Eurovision de la Chanson, deen an der Stad Lëtzebuerg am Groussen Theater iwwer d'Bün geet.
- 15. Mee: 228 Prisonéier plënneren aus dem Gronn an de Prisong vu Schraasseg.
- 30. Mee: Mat enger Bommenattack op e Stroummast zu Beidler geet eng Serie vun am Ganzen 20 Bommenattacken un, déi, ënnert dem Numm Bommeleeër-Affär, annerhalleft Joer d'Land an Otem halen, an déi iwwer 30 Joer dono nach ëmmer net opgekläert sinn.
- 17. Juni: Chamber- an Europawalen. Bei de Chamberwale kritt d'CSV 25 Sëtz, d'LSAP der 21, d'DP der 14, d'KPL an d'GAP der jee 2. Bei den Europawale ginn 3 Sëtz un d'CSV, 2 un d'LSAP an 1 un d'DP.
- 20. Juli: D'Regierung Santer-Poos I, eng Koalitiounsregierung vun CSV an LSAP, gëtt vereedegt.
- 10. September: Déi franséischsproocheg RTL-Televisiounsprogrammer gi getrennt.
- September: De Stater Conservatoire um Geesseknäppche mécht seng Dieren op.
- 18. Oktober: De Marcel Mart gëtt President vum Europäesche Rechnungshaff.
- 15. November: Am Diddelenger Steckel gëtt déi lescht Schicht gefuer.
- De Jacques Santer an de Jacques Poos, Premier a Vize-Premier vun enger CSV-LSAP Regierung
Unioun vun de sozialistesche Sowjetrepublicken
- 13. Februar: De Konstatin Tschernenko gëtt Nofollger vum Jurij Andropow.
Afrika
- 14. Mee: D'Carmen Pereira gëtt dräi Deeg laang Interimspresidentin vu Guinea-Bissau an ass domat déi éischt weiblech Presidentin an Afrika.
Amerika
USA
- 28. Juli: Optakt vun den Olympesche Summerspiller vu Los Angeles.
- 6. November: Walerfolleg bei de Presidentewale vum Ronald Reagan géint de Walter Mondale.
- 31. Dezember: D'USA verloossen d'UNESCO.
Südamerika
Asien
- 1. Januar: De Sultanat Brunei gëtt onofhängeg vu Groussbritannien.
- 3. Dezember: Gëftgaskatastroph zu Bhopal, Indien.
Ozeanien & Pazifik
Arabesch Welt
Remove ads
Konscht a Kultur
Molerei
Literatur
- Edmond Dune, A l'enseigne de Momus.
Musek
- 5. Mee: D'Grupp Herrey's gewënnt fir Schweden mam Lidd Diggi-loo, diggi-ley den 29. Eurovision Song Contest zu Lëtzebuerg.
Wëssenschaft an Technik
- 8. November: D'amerikanesch Raumfär Discovery start fir eng Missioun vun aacht Deeg, bei där 2 Kommunikatiounssatellitten ausgesat ginn, an 2 futtisser mat zeréckbruecht ginn.
Sport
- Den Avenir Beggen gewënnt den nationale Foussballschampionnat an och d'Coupe de Luxembourg.
- 8. Februar: Zu Sarajevo fänken d'Olympesch Wanterspiller un.
- 29. Februar: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:1 géint Spuenien.[1]
- 13. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Esch-Uelzecht 1:3 géint Tierkei. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Gilbert Dresch geschoss.[2]
- 1. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Ettelbréck 0:2 géint Norwegen.[3]
- 9. Juni: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 1:2 géint Portugal. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Nico Wagner geschoss.[4]
- 28. Juli: Zu Los Angeles fänken d'Olympesch Summerspiller un.
- 13. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1986, 0:4 géint Frankräich.[5]
- 17. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Esch-Uelzecht, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1986, 0:5 géint déi Däitsch Demokratesch Republik.[6]
- 5. Dezember: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Sofia, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1986, 0:4 géint Bulgarien.[7]
- 17. Dezember: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Nikosia 0:1 géint Zypern.[8]
- 19. Dezember: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Petah-Tikva 0:2 géint Israël.[9]
- 22. Dezember: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Istanbul 0:2 géint Tierkei.[10]
Remove ads
Gebuer
- 8. Januar: Kim Jong-un, "Ieweschte Leader" vun Nordkorea.
- 17. Januar: François Schons, lëtzebuergeschen Äishockeyspiller.
- 4. Februar: Laurent Fels, lëtzebuergesche Schrëftsteller a Literaturkritiker.
- 5. Februar: Tim Heinz, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 12. Februar: Deborah De Robertis, lëtzebuergesch Kënschtlerin.
- 18. Februar: Stéphanie de Lannoy, belsch Gräfin an d'Fra vum Ierfgroussherzog Guillaume vu Lëtzebuerg.
- 23. Februar: Sarah Chenut, lëtzebuergesch Foussballspillerin.
- 25. Februar: Heinrich Haussler, däitsche Vëlossportler.
- 2. Mäerz: Michel Weimerskirch, lëtzebuergesche Softwareingenieur a Webentwéckler.
- 21. Mäerz: Paul Mannon, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 24. Mäerz: Laury Bach, lëtzebuergesch Basketballspillerin.
- 24. Mäerz: Martine Stein, lëtzebuergesch Volleyballspillerin.
- 28. Mäerz: Bill Switzer, kanadesche Filmschauspiller.
- 31. Mäerz: Laurent Bram, lëtzebuergeschen Tennisspiller an -trainer.
- 9. Abrëll: Jean-Pierre Kérien, franséische Schauspiller.
- 10. Abrëll: Ana Soklič, sloweenesch Sängerin.
- 16. Abrëll: Suzanne de Goede, hollännesch Vëlossportlerin.
- 23. Abrëll: Alexandra Konstantinowna Kostenjuk, russesch Schachgroussmeeschterin.
- 18. Abrëll: Laurent Schoder, lëtzebuergesche Volleyballspiller a Beachvolleyballspiller.
- 30. Abrëll: Stéphanie Weydert, lëtzebuergesch Politikerin.
- 4. Mee: Gilles Engeldinger, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 12. Mee: Christian Franck, lëtzebuergesche Autoscoureur an Testfuerer.
- 31. Mee: Sonja Steland, lëtzebuergesch Karateka.
- 2. Juni: Tyler Farrar, US-amerikanesche Vëlossportler.
- 3. Juni: Félix vu Lëtzebuerg, Jong vum Groussherzog Henri.
- 15. Juni: Monica Semedo, lëtzebuergesch Sängerin, Televisiounspresentatrice a Politikerin.
- 21. Juni: Eric Hoffmann, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 21. Juni: Jan Lux, lëtzebuergesche Volleyballspiller.
- 11. Juli: Alain Mertens, lëtzebuergesche Liddermécher.
- 12. Juli: Mikaela Hoover, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 19. Juli: Laurent Didier, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 2. August: JD Vance, US-amerikanesche Politiker.
- 3. August: Kollegah, däitsche Rapper.
- 8. August: Anne Mélan, lëtzebuergesch Graphikdesignerin a Molerin.
- 15. August: Sascha Palgen, lëtzebuergeschen Turner.
- 30. August: Jeff Henckels, lëtzebuergesche Bouschéisser an Olympionik.
- 3. September: David Fiegen, lëtzebuergesche Liichtathleet.
- 5. September: Chris Anker Sørensen, dänesche Vëlossportler.
- 17. September: Vladimir Sarac, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 27. September: Wouter Weylandt, belsche Vëlossportler.
- 4. Oktober: Manon Hoffmann, lëtzebuergesch Lokalpolitikerin.
- 15. Oktober: Sonia Gleis, lëtzebuergesch Molerin.
- 25. Oktober: Katy Perry, US-amerikanesch Sängerin a Songwriterin.
- 31. Oktober: Sonja Pikart, däitsch Schauspillerin a Kabarettistin.
- 2. November: Vasil Garvanliev, nordmazedonesche Sänger a Lidderschreiwer.
- 22. November: Scarlett Johansson, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 28. November: Lex Delles, lëtzebuergesche Politiker.
- 7. Dezember: Robert Kubica, F1-Pilot.
- 19. Dezember: Christophe Donnersbach, lëtzebuergesche Basketballspiller.
- 22. Dezember: Basshunter, schweedesche Sänger, Museksproduzent an DJ.
Remove ads
Gestuerwen
- ? Pierre Rumé, lëtzebuergesche Journalist a Politiker.
- 7. Januar Fernande Klein, lëtzebuergesch Kënschtlerin.
- 17. Januar: George Rigaud, franséische Schauspiller.
- 19. Januar: Wolfgang Staudte, däitsche Schauspiller, Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 20. Januar: Johnny Weissmuller, US-amerikanesche Schwëmmer a Filmschauspiller
- 5. Februar: Manès Sperber, éisträichesch-franséische Schrëftsteller, Sozialpsycholog a Philosoph
- 9. Februar: Juri Wladimirowitsch Andropow, sowjetesche Politiker.
- 21. Februar: Roger Hippertchen, lëtzebuergesche Gewiichthiewer an Olympionik.
- 10. Mäerz: Roger Soubie, franséische Moler an Zeechner.
- 23. Mäerz: Jean Prouvé, franséischen Designer an Architekt.
- 26. Mäerz: Anne-Marie Coffinet, franséisch Schauspillerin.
- 1. Abrëll: Marvin Gaye, US-amerikanesche Soul- an R&B-Museker.
- 5. Abrëll: Arthur Harris, Brittesche Militär.
- 10. Abrëll: Andy Felten. lëtzebuergesche Museker.
- 11. Abrëll: Narce Lutz, lëtzebuergeschen Architekt a Resistenzler.
- 22. Abrëll: Ansel Adams, US-amerikanesche Fotograf.
- 25. Abrëll: Maurice Sevenig, lëtzebuergesche Jurist.
- 26. Abrëll: Count Basie, US-amerikaneschen Jazz-Pianist, -Organist a Bandleader.
- 26. Abrëll: Helge Løvland, norwegesche Liichtathleet.
- 26. Abrëll: Jos Cillien, lëtzebuergeschen Turner an Olympionik.
- 4. Mee: Diana Dors, brittesch Schauspillerin.
- 16. Mee: Andy Kaufman, US-amerikaneschen Entertainer.
- 16. Mee: Irwin Shaw, US-amerikanesche Schrëftsteller.
- 23. Mee: Laurent Graglia, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 11. Juni: Enrico Berlinguer, italieenesche Politiker.
- 20. Juni: Estelle Winwood, englesch Schauspillerin.
- 22. Juni: Joseph Losey, US-amerikanesche Regisseur.
- 25. Juni: Michel Foucault, franséische Philosoph.
- 26. Juni: Carl Foreman, US-amerikanesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 29. Juni: Victor Bodson, lëtzebuergesche Politiker.
- 14. Juli: Léon Mart, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 2. Juli: Jean Alfonsetti, lëtzebuergesche Vëlossportler an Olympionik.
- 25. Juli: Big Mama Thornton, US-amerikanesch Bluessängerin.
- 27. Juli: James Mason, englesche Filmschauspiller.
- 2. August: Pierre Kuhn, lëtzebuergesche Vëlossportler an Olympionik.
- 5. August: Richard Burton, brittesche Schauspiller.
- 17. August: André Origer, Member vum Staatsrot.
- 21. August: Wolfgang Schleif, däitsche Filmregisseur
- 25. August: Truman Capote, US-amerikanesche Schrëftsteller.
- 29. August: Camille Ney, lëtzebuergesche Politiker.
- 4. Oktober: Albert Berchem, lëtzebuergesche Politiker.
- 14. Oktober: Martin Ryle, brittesche Radioastronom a Physik-Nobelpräisdréier.
- 14. Oktober: Jean Winkin, lëtzebuergesche Politiker.
- 19. Oktober: Jerzy Popiełuszko, polnesche Geeschtlechen.
- 21. Oktober: François Truffaut, franséische Filmregisseur a Schauspiller.
- 23. Oktober: Oskar Werner, éisträichesche Schauspiller.
- 30. Oktober: Primo Zeglio, italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 31. Oktober: Indira Gandhi, indesch Ministerpresidentin.
- ? November: Ernest Horn, lëtzebuergesche Konschtkenner a jorelaang Galerist.
- 23. November: Paul Dahlke, däitsche Schauspiller.
- 26. November: Jean Thill, lëtzebuergesche Moler an Olympionik.
- 28. November: John Fisch, lëtzebuergesche Publizist a Journalist.
- 5. Dezember: Manlio Scarpelli, italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 13. Dezember: André Zimmer, lëtzebuergesche Kanut an Olympionik.
- 18. Dezember: Rudolf Platte, däitsche Schauspiller.
- 20. Dezember: Stanley Milgram, US-amerikanesche Psycholog.
- 24. Dezember: Ian Hendry, englesche Schauspiller.
- 24. Dezember: Peter Lawford, brittesche Schauspiller.
- 26. Dezember: Paul Henkes, lëtzebuergeschen Auteur.
- 28. Dezember Sam Peckinpah, US-amerikanesche Filmregisseur.
Remove ads
Um Spaweck
| Commons: 1984 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
Remove ads
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads