From Wikipedia, the free encyclopedia
E Croque-monsieur ass eng Zort Sandwich, deen aus zwou Tranchen Toastbrout besteet, tëschent déi eng Tranche gekachten Ham kënnt, an déi mat gerapptem Kéis baussendrop (Gruyère oder Emmental) iwwerbak ginn. Dacks gëtt de Croque-monsieur an engem spezielle Grillapparat deen engem Waffeleise gläicht an deen d'Brout e bëssen an eng Form presst, gebak. An deem Fall ass de Kéis net baussen drop, mä tëscht dem Brout an der Ham.
De Croque-monsieur ass 1910 op der Menüskaart vun engem Paräisser Bistro eng éischt Kéier opgedaucht. Am Marcel Proust sengem A la recherche du temps perdu vun 1918 gëtt e fir d'éischt an der Literatur ernimmt.[1]
Wann op dat Ganzt nach e Spigelee drop zervéiert gëtt, schwätzt ee vun engem Croque-madame.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.