4. Comic aus der Superjhemp-Serie From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Dossier Hexemeeschter ass de 4. Album aus der Superjhemp-Serie vum Roger Leiner a Lucien Czuga an ass 1991 erauskoum.
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Sprooch | Lëtzebuergesch |
Erauskomm | 1991 |
Auteur | Lucien Czuga |
Zeechnungen | Roger Leiner |
Serie | Superjhemp |
Editeur | Éditions Revue |
Band virdrun | D'Affär vum Jorhonnert |
Band duerno | Panik am Studio 4! |
De Kommissär Harespel, de Schrobiltgen grad ewéi de Charel Kuddel sinn nieft vill Prominenz op engem Empfank an de Staatsarchiven invitéiert. Grad wéi de Sproochmates Klex Keeroth eng Ried hält iwwer en neit Buch dat hien iwwersat huet, iwwerfale schwaarz maskéierte Männer d'Receptioun an entféieren de Sproochmates.
De Kuddel verwandelt sech séier an de Superjhemp an hëlt d'Verfollgung op, gëtt awer duerch e Knuppert vun de Gangstere schachmatt gesat. D'Gangstere kënnen entkommen...
An enger Agence vun der Reiw eis ee, Kees gëtt festgestallt, datt sämtlecht auslännesch Geld aus dem Coffre-fort geklaut gouf a just nach eng Fatz Pabeier do läit mat engem “H” drop. Och an anere Banke verschwannen d'Devisen. D'Police weess hirer Hänn kee Rot méi, ma se kënnen de Superjhemp net ruffen, well de Schrobiltgen d'Spilldous, mat där een de Superjhemp kontaktéiere kann, um Floumaart verkaaft hat. Den Harespel fënnt eng aner Léisung fir hien ze ruffen, an de Superjhemp fiert mat sengem Superjhempmobil lass.
Iwwer de Radio kënnt d'Noriicht, datt et an engem Akafszenter en Iwwerfall gouf. D'Police konnt Gangsteren awer net verfollegen, well hir Camionnette geklaut gouf. De Superjhemp flitt de Gangsteren no a fënnt se zu Ma Mère an engem ale Fliger. Et sinn awer net géi gesicht Gangsteren a sou muss de Superjhemp weider sichen. Fir op d'Spur vun hinnen ze kommen, iwwerleet hien, wou iwwerhaapt esouvill geklaut Geld gelagert kéint ginn. Zesumme mam Schrobiltgen fënnt hien d'Gangstere schlussendlech an de Kasematten ënnert dem neie C.A.Q. (Centre d'Art Qu'on-comprend-rien). Duerch en Zoufall kënnt och nach d'Joffer Lamesch derbäi an allen dräi gi se bei de Chef vun de Gangstere gefouert, den Hexemeeschter.
Den Hexemeeschter erkläert, datt hien den Här vun der Welt wëll ginn an datt et all Gescheites wat jee geschriwwe gouf, just nach op luxusbuergesch sollt ginn. Dowéinst huet hien de Sproochmates entféiert, fir datt deen alles iwwersetzt. De Superjhemp a seng Kolleegen déi all gefesselt gi waren, kënne vum Prënz Luc befreit ginn, well hie se duerch Zoufall fonnt huet wéi e mat sengem Skateboard duerch d'Kasematte gejauft ass. Déi véier ginn op d'Sich nom Klex Keeroth a si bass erstaunt wéi se de Sproochmates an dräifacher Ausféierung erëm fannen. Ee vun de Gangsteren erkläert hinnen, datt den Hexemeeschter de Keeroth gekloont huet, fir datt et méi séier mam Iwwersetze viru geet. Mat engem Trick fënnt de Superjhemp eraus wien de richtege Sproochmates ass. D'Gangstere gi vum Superjhemp mat Kachkéis onschiedlech gemaach a vun der Police matgeholl. An de Kasematte fanne se just nach Këschte mat Béier a Freedefeier; déi geklaut Sue sinn awer nach ëmmer verschwonnen...
Den Dag duerno geet de Prënz Luc eng Kusin op d'Gare sichen an dobäi “erkennt” de Bernie den Hexemeeschter, dee sech ënnert de Publikum gemëscht hat. Et gléckt dem Superjhemp natierlech den Hexemeeschter onschiedlech ze maachen. Wéi owes beim Freedefeier fir Nationalfeierdag d'Knupperte fortgeschoss ginn, “reent” et auslännesch Geldschäiner... d'Sue waren an de Freedefeier-Këschte verstoppt, déi an de Kasematte stoungen, wou den Hexemeeschter se verschwannen doe wollt, fir datt nëmmen nach Luxusbuerger Geld am Ëmlaf si sollt.
(alphabetesch Lëscht vun de Personnagen déi an der Geschicht virkommen oder ernimmt ginn)
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.