Superjhemp

lëtzebuergesch Comicserie From Wikipedia, the free encyclopedia

Superjhemp
Remove ads

De Superjhemp ass eng Lëtzebuerger Comicsserie mam Protagonist mam selwechten Numm, déi vum Lucien Czuga geschriwwen a vum Roger Leiner gezeechent gouf.

Thumb
De Roger Leiner (l.) an de Lucien Czuga (2005)
Thumb
De Superjhemp um Auto vun der Revue bei de Walfer Bicherdeeg.

An all Episod muss de Superjhemp d'Land Luxusbuerg virun engem oder méi Béise retten, wéi dem Filip von Filoux, dem Jessica Jaguar oder anere Polit-Terroristen. A sengen Aventurë begéint een ëmmer erëm Karikature vu verschiddene bekannte Lëtzebuerger, an och déi lëtzebuergesch an international Aktualitéit vum viregte Joer gëtt dodra verschafft.

2006 waren am Ganzen 185.000 Exemplaire verkaf ginn (déi zwéin éischt Bänn haten an deem Ament jeeweils 15.000 Keefer fonnt)[1]. Et ass domat dat meescht verkaaft Buch op Lëtzebuergesch.

2015 gouf d'Serie mat engem Spin-off ersat, de Littel Superjhemp.

Am Oktober 2018 koum De Superjhemp retörns vum Félix Koch eraus, e Spillfilm, deen op de Figuren aus der Superjhemp-Serie baséiert.

Am Juni 2023 gouf zu Miersch eng 500 Kilo schwéier bronze Statu vum Superjhemp, vun der Kënschtlerin Katarzyna Kot, opgestallt.[2]

Am November 2024 koum mat Superjhemp contre l'exploseur (Nantes: Patayo Editions) deen éischte Band a franséischer Iwwersetzung eraus.[3]

Remove ads

Albumen

Littel Superjhemp

  • 1 Vu Cliquen, Klucken a Klacken, 2013
  • 2 Vu Geessen, Gussen a Gaassebouwen, 2016

Sammelbänn

  • Leiner, R., & Czuga, Lucien. (2001). De Superjhemp : Sammelband. Lëtzebuerg: Éd. Revue. (enthält d'Albumen 1, 2 an 3) ISBN 2-919999-18-4
  • Czuga, L., & Leiner, Roger illustrateur. (2006). De Superjhemp : Sammelband II. Lëtzebuerg: Éd. Revue. (enthält d'Albumen 4, 5 a 6) ISBN 2-919999-36-2

Sonnerbänn

  • Leiner, R., & Czuga, Lucien. (2007). Kids, Kachkéis & Kuddelmuddel : 11 Geschichte mam Superjhemp. Lëtzebuerg: Éd. Revue. (ISBN 978-2-919999-45-3)

Weider Publikatioune mam Superjhemp

Remove ads

De Superjhemp soss doruechter

  • Am Film Trouble no more gëtt et eng Zeen, an där de Personnage Ray Guddebur als Superjhemp verkleet ass.
  • D'Asbl Op Schéimerech huet am Summer 2010 en Theaterstéck opgefouert mam Titel De Superjhemp géint de Pnömonni.
  • De 24. Oktober 2018 koum de Film ënner der Regie vum Félix Koch mam Titel Superjhemp retörns an de Kino.

Literatur

Kuckt och

Um Spaweck

Referenzen

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads