Schwäizer Astronom From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Didier Patrick Queloz,, gebuer den 23. Februar 1966, ass e Schwäizer Astronom a Mataarbechter an der Fuerschungsgrupp ëm de Michel Mayor am Departement fir Astronomie op der Universitéit Genf.
Didier Queloz | |
---|---|
Gebuertsnumm | Didier Patrick Queloz |
Gebuer |
23. Februar 1966 Lausanne |
Nationalitéit | Schwäiz |
Educatioun | Universitéit vu Genf |
Aktivitéit | Astronom, Astrophysiker, Universitéitsprofesser |
Member vun | Royal Society, International Astronomesch Unioun, Peepstlech Akademie vun de Wëssenschaften |
Hie war un der Entdeckung vum éischten extrasolare Planéit am Stäresystem Pegasus 51 bedeelegt[1].
Den Didier Queloz hat am Joer 1990 e Physik-Studium op der Universitéit Genf mat engem Master ofgeschloss an am Joer 1995 den Ofschloss als Ph.D. erreecht. Déi kollektiv Entdeckung vum extrasolare Planéit berout op Miessunge vun der Radialvitess nom Dopplereffekt, dobäi gouf e Planéit mat enger Ëmlafvitess vu 4,2 Deeg entdeckt.
D'Entdeckung gouf mat en ettleche Präisser geéiert.
2013 hat de Queloz zu de Favoritte fir en Nobelpräis gezielt[3]. Hie krut dunn 2019, zesumme mam Michel Mayor, den Nobelpräis fir Physik „fir d'Entdeckung vun engem Exoplanéit, dee ronderëm e sonnenänleche Stär kreest“.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.