Landeshaaptstad vun Nordrhein-Westfalen, Däitschland From Wikipedia, the free encyclopedia
Düsseldorf ass d'Landeshaaptstad vun Nordrhein-Westfalen. Et ass ausserdeem déi drëttgréisst Stad vun deem Bundesland.
Dëse Geographiesartikel iwwer Däitschland ass eréischt eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Düsseldorf | |
---|---|
Land | Däitschland |
Bundesland | Nordrhein-Westfalen |
Regierungsbezierk | Düsseldorf |
Krees | Kreesfräi Stad |
Buergermeeschter | Stephan Keller |
Awunner |
629.047 (31. Dezember 2022) |
Fläch | 217 km² |
Héicht | 38 |
Koordinaten | 51°13'52,12"N, 6°46'20,57"O |
Telefonszon | 02104 |
Postcode | 40210 |
Websäit | https://www.duesseldorf.de/ |
Jumelage mat | Chemnitz, Reading, Haifa, Warschau, Palermo, Czernowitz, Moskau |
Düsseldorf läit an Nordrhein-Westfalen, gréisstendeels laanscht der rietser Säit vum Rhäin.
Düsseldorf huet am Ganzen 10 Stadbezierker, déi alleguer keen Numm hunn, mä einfach Nummere vun 1 bis 10 an 49 Staddeeler.
Düsseldorf grenzt am Norden u Ratingen an un Duisburg, am Osten un d'Stied Mettmann, Erkrath an Hilden, am Süden u Langenfeld a Monheim um Rhäin an am Westen un Dormagen, Neuss a Meerbusch.
Ëm 700 huet de Mënch Suitbertus am spéidere Kaiserswerth e Klouschter gegrënnt.
Um Medienhafe goufe virun 30 Joer nach d'Frachtschëffer a d'Containerschëffer ausgelueden. Haut ass de Medienhafen e neien a moderne Quartier dee sech duerch modern Architektur an elegant Restauranten a Caféen auszeechent. D'Kaiserswerth ass ee vun deenen eelste Quartiere vun Düsseldorf. Kuckeswäert ass dee bal vollstänneg erhalene Kär an d'Ruin vun der Kaiserpfalz um Rhäin.
D'Foiren zu Düsseldorf gehéieren zu deenen dräi ëmsazstäerkste Foiresplazen a ganz Däitschland. Hei ginn iwwer 40 international Foiren ofgehalen, dovu gëllen der eleng 21 als weltwäit déi gréisst aus hirer Branche. Bekannt Foirë sinn: d'"Boot Düsseldorf", "CPD- Internationale Frühjahrsmodemesse", "Beauty International", "Pro Wein" an "Interpak".
An der Königsallee, och nach kuerz d'Kö genannt, fënnt een all Luxuslabele vun dëser Welt. D'Kö ass ongeféier e Kilometer laang. An der Schadowstraße kann een och zu méi moderater Präisser wéi op der Kö akafen. Hei fënnt e vun exzentrescher bis klassesch Moud bal alles.
Commons: Düsseldorf – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.