Streck vun der Lëtzebuerger Eisebunn From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Eisebunnsstreck Ettelbréck-Biissen ass eng Eisebunnsstreck fir Gidderverkéier zu Lëtzebuerg. Se féiert vun Ettelbréck op Biissen.
D'Linn 2b (däischter) op der fréierer Linn 2 | |
Linnennummer | 2b |
---|---|
Besëtzer | Lëtzebuerg |
Bedreiwer | CFL |
vu(n) | Gare Ettelbréck |
op | Gare Biissen |
iwwer | Gare Schieren, Gare Colmar-Usines |
opgaangen | 17. Abrëll 1880 |
Technesch Donnéeën | |
Längt | 8,7 km |
Gréisst Steigung | 11 ‰ |
Klengste Radius | 200 m |
Spuerbreet | Normalspuer |
Vitesslimitatioun | 40 km/h |
D'Trass fir d'Eisebunnsstreck Ettelbréck-Biissen gëtt vun der Administration des chemins de fer verdeelt. D'CFL bedreift a geréiert d'Infrastruktur vun der Streck, déi am Besëtz vum Lëtzebuerger Staat ass.
D'Eisebunnsstreck Ettelbréck-Biissen gëtt als Linn 2b bezeechent. D'Streck vun 8,7 km ass dat lescht Stéck dat vun der fréierer Atertlinn bestoe blouf.
Op der Atertlinn, déi de 17. Abrëll 1880 opgaangen ass, ass den 23. September 1967 de leschte Persounenzuch gefuer an d'Streck ass vun 1969 un zum gréissten Deel suppriméiert ginn. Zu Colmer waren d'Gleiser wéinst dem Uschloss un d'Goodyear-Wierker leie gelooss ginn, an 1974 krut d'Trefilerie vu Biissen och e Gleisuschloss iwwer déi fréier Streck. De 27. Juni 1974 huet den éischte Gidderzuch d'Wierk verlooss[1].
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.