Gare Schieren

Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn From Wikipedia, the free encyclopedia

Gare Schieren
Remove ads

D'Gare vu Schieren ass eng Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Se läit westlech vun der N7 an der Sektioun Schieren an der Gemeng mam selwechten Numm. Südlech vun der Gare war an der Impasse Antoine Bourkel d'Barriär PN27, déi am September 2019 fir zerguttst zougemaach gouf. Déi nërdlech Barriär (PN27a) iwwer d'Rue du Moulin besteet nach.

op ee Bléck ass eng, Status ...
Thumb
Dräi Eisebunner virun der Schierener Gare ëm 1917

D'Gare Schiere läit tëscht der Gare Colmer-Bierg an där vun Ettelbréck a gehéiert zu follgende Linne vum CFL-Zuchreseau:

An der Gare leien zwee Gleiser fir Nordstreck an eent fir d'Atertlinn, dat awer just nach vun de Gidderzich op der Linn vun / op Biissen gebraucht gëtt.

D'Gare Schieren huet e gratis Park & Rail-Parking mat 38 Parkplazen an zwou speziell Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit. Vëloe kann een an enger Bikebox ënnerdaach stellen.

Remove ads

Geschicht

De 25. Juli 1880 ass d'Schierener Halt op der Atertlinn opgaangen. Se louch baussent Schieren, um Gebitt vun der Nopeschgemeng Colmer-Bierg, do wou d'Atertlinn an d'Nordstreck ausernee gaange sinn, tëscht de Garë Colmar-Usines an Ettelbréck, 1.041 m hannert der éischtgenannter Gare[2].

Den 1. Oktober 1897 gouf d'Halt knapp annerhallwe Kilometer méi no bei d'Duerf geluecht[3] a vum 1. Mäerz 1919 u goufen och Gidder op der Gare ofgewéckelt.

Nodeems den 23. September 1967 de leschte Persounenzuch op der Atertlinn gefuer war, ass d'Gare och net méi gebraucht ginn. D'Garegebai ass 1984 un d'Gemeng verkaaft ginn, déi et ofrappe gelooss huet.

Obwuel vill Leit eng nei Schierener Gare op der Nordstreck gefrot hunn, huet et bis de 27. Januar 1986 gedauert bis d'CFL - op Drock vun ë. a. der Aktioun öffentlechen Transport (AÖT) - hiren Accord dozou ginn hat[4]. Den 28. September 1986 ass d'Schierener Gare op der Nordstreck opgaangen[5].

Remove ads

Zich déi an der Gare halen

(Stand: Februar 2025)

Richtung Norden

Méi Informatiounen Aus Richtung, Halt virdrun ...

Richtung Süden

Jeeweils an der entgéintgesater Richtung wéi an der Tabell uewendriwwer.

Remove ads

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Gare Schieren – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

  1. just zwéin Nuetszich de Weekend
  2. Keiser, Fernand. “Bim, bam, biren... fuer mam Prënz op Schieren”  : d'Geschicht vun der Schierener-Gare - Geschichten iwwert den Zuch. Grass-Klengbetten: D'Frënn vun der Atertlinn, 2007. Print., S. 28-29
  3. idem, S. 30-31
  4. idem, S. 39-40
  5. idem, S. 14
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads