lëtzebuergesche Journalist a Schrëftsteller From Wikipedia, the free encyclopedia
De Frantz Clement, eigentlech François Clement[1] oder och Franz Clément[2] gebuer den 3. November 1882 zu Munneref, gestuerwen den 2. Juni 1942 am KZ Dachau, war e lëtzebuergesche Journalist a Schrëftsteller.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat Journalist Frantz Clement. Fir de Moler mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Frantz Clément (Moler). |
Frantz Clement | |
---|---|
Gebuertsnumm | François Clement |
Gebuer |
3. November 1882 Munneref |
Gestuerwen |
2. Juni 1942 KZ Dachau |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Journalist, Schrëftsteller |
De Frantz Clement gouf den 3. November 1882 als Jong vun engem Metzler zu Munneref gebuer.
Vun 1898 bis 1901 war hien an der Normalschoul, an duerno vun 1901 bis 1904 Schoulmeeschter zu Rued bei Ell a vun 1904 bis 1905 zu Kauneref.
Mat enger Bourse déi hien 1905 vun der Regierung Eyschen krut, huet hien ee Joer laang op der Universitéit zu Leipzig Philosophie, Psychologie a Germanistik studéiert.
1907 huet hien zesumme mam Eugène Forman a mam Marcel Noppeney déi lëtzebuergesch Literaturzäitschrëft Floréal gegrënnt.
Ausserdeem huet hie sech fir d'Volleksbildungsveräiner agesat, wou hien och e reegelméissege Referent war, an huet och fir d'"demokratesch Veräiner" Virträg gehalen. Hien huet sech 1902-1903 an enger Artikelserie fir eng kënschtleresch Erzéiung vun de Jugendlechen an tëscht 1910 an 1912 staark fir eng Schoulreform engagéiert[3], déi am Schoulgesetz vun 1912 konkreetiséiert gouf, an déi him eng Exkommunizéierung duerch de Bëschof Jean Joseph Koppes abruecht huet.
1913 gouf hien haaptberuffleche Chefredakter beim nei gegrënnten Escher Tageblatt.
Den 13. August 1914, am Ufank vum Éischte Weltkrich, gouf hie wéinst sengen Däitschland-kriteschen Zeitungsartikelen zesumme mam Tageblatt-Direkter Paul Schroell verhaft. Déi zwéi koume fir fënnef Wochen an de Prisong op Koblenz. De Frantz Clement huet seng batter Erliefnesser vun do am Buch Zelle 86 K.P.U., dat 1920 erauskomm ass, verschafft.
Hien huet duerno säi Beruff als Schoulmeeschter (missen) opginn an huet zanterhier vu sengem Schreiwe gelieft.
Nom Éischte Weltkrich huet hien nees, bis 1924, d'Chefredaktioun vum Tageblatt iwwerholl. Hie stoung och dem Kolpecher Krees no an huet sech dofir agesat, datt Däitschland a Frankräich sech nees sollte verdroen. 1923 war hie Matgrënner vu Les cahiers luxembourgeois. Fir eng franséisch Literaturgeschicht ze schreiwen, ass hien op Magny-les-Hameaux an d'Géigend vu Paräis wunne gaangen, a war an där Zäit och ë. a. Korrespondent vun der däitscher lénksrepublikanescher Zäitschrëft Das Tage-Buch an huet als Conseiller fir den Ullstein-Verlag geschafft. Nodeem 1933 den Hitler an Däitschland un d'Muecht komm war an d'Medie "gläichgeschalt" gi waren, huet hien déi Opträg verluer, an en huet missen op Lëtzebuerg hannescht kommen.
Do huet hie fir d'Escher Tageblatt, d'Luxemburger Zeitung, d'Tribüne (déi en en halleft Joer erausginn huet) an Die neue Zeit (1936-1940) geschafft. Tëscht 1935 an 1940, huet hien ënner dem Pseudonym Erasmus, Glossen am Tageblatt publizéiert. Hien huet engagéiert géint d'Nazien an d'Verbreedung vum Faschismus an Europa, mä och géint de stalinisteschen Terror geschriwwen, a sech géint dat sougenannt Maulkuerfgesetz engagéiert.
Nom Däitsche Iwwerfall op Lëtzebuerg, am Mee 1940, stoung de Frantz Clément ganz uewen op der Lëscht vun deenen, déi d'Preise gesicht hunn. Hie konnt sech ufanks verstoppen, gouf awer de 25. Juli 1941 gefaange geholl an an d'KZ Dachau bruecht.
Do ass en e knappst Joer drop, den 2. Juni 1942, higeriicht ginn.
De Frantz Clement war de Koseng vum Hubert Clement.
Zu Munneref an um Lampertsbierg si Stroossen no him benannt.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.