Hubert Clement

lëtzebuergesche Journalist a Politiker From Wikipedia, the free encyclopedia

Hubert Clement
Remove ads

Den Hubert Clement, gebuer als Pierre Hubert Clément den 12. September 1889 am 11. Arrondissement vu Paräis, a gestuerwen den 29. September 1953 zu Esch-Uelzecht,[1] war e lëtzebuergesche Journalist a Politiker.

Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
op ee Bléck Gebuer, Gestuerwen ...

Hie war Schoulmeeschter, Journalist an Direkter vum Tageblatt, Deputéierte vun 1934 bis 1951 an der Chamber, Member vum Staatsrot vum 2. Mee 1952 bis den 29. September 1953, Member vum Escher Gemengerot a vun 1935 bis 1940 a vun 1944 bis 1945 Buergermeeschter vun Esch.

Hie war de Koseng vum Frantz Clément. Den Hubert Clement war mat der Henriette Besseling, Matgrënnerin a laangjäreg Presidentin vum Foyer de la femme, bestuet.

Remove ads

Gielercher

No him genannt

  • eng Secondaire-Schoul zu Esch-Uelzecht, de Lycée Hubert Clément (fréiere Meedercherslycée)
  • de Boulevard Hubert Clément zu Esch-Uelzecht (PLZ 4064)
  • eng Strooss rue Hubert Clément zu Diddeleng (PLZ 3444)
  • eng Strooss rue Hubert Clément zu Uewerkuer (PLZ 4535)

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Hubert Clement – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. Luxemburger Lexikon, 1. Oplo, 2006, S. 74
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads