From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Giuseppe Piazzi, gebuer de 16. Juli 1746 zu Ponte in Valtellina, a gestuerwen den 22. Juli 1826 zu Neapel, war en italieeneschen Astronom, Mathematiker an Theolog.
Giuseppe Piazzi | |
---|---|
Gebuer | 16. Juli 1746 |
Gestuerwen |
22. Juli 1826 Neapel |
Aktivitéit | Astronom, Universitéitsprofesser, Mathematiker, Priister, Asteroidenentdecker |
Member vun | Royal Society, Bayeresch Wëssenschaftsakademie, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, Preisesch Wëssenschaftsakademie, Accademia Nazionale delle Scienze, Accademia delle Scienze di Torino |
Hien huet zu Turin Theologie a Philosophie studéiert a gouf uschléissend Brudder a Priedeger zu Cremona.
Vu 1781 un, war hien Direkter vun deem vun him gegrënnten astronomeschen Observatoire vu Palermo op Sizilien. Den 1. Januar 1801 ass et him gelongen deen éischten Asteroid vum Sonnesystem z'entdecken. Den Asteroid krut den Numm Ceres. Zanter August 2006 huet den Ceres den neie Status vun engem Zwergplanéit.
1814 huet de Piazzi e Stärekatalog erausginn. 1817 huet hien d'Leedung vum Observatoire vun Neapel iwwerholl. Ausserdeem studéiert hien d'Eegebeweegunge vu ville Stären.
Commons: Giuseppe Piazzi – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.