From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Himawari 8 (Sonneblumm 8) ass e Wiedersatellit vun der japanescher Meteorologieagentur. Et ass den aachte geostationäre Wiedersatellit vu Japan an den éischte vun enger neier Baurei. Hie soll den Himawari 7 ersetzen, deen zanter 2006 am Déngscht ass.[1]
Himawari 8 | |
---|---|
Typ | Wiedersatellit |
Land | Japan |
Agentur | Jaxa |
Bunnhéicht | 35.800 km |
Mass | 3500 kg |
Gréisst | 8 m laang |
Start | 7. Oktober 2014 um 5:16 UTC |
Startplaz | Tanegashima |
Drorakéit | H-2A 202 |
Status | aktiv |
De Satellit gouf de 7. Oktober 2014 um 5:16 UTC mat enger H-2A-Drorakéit vun der Ramp 1 vum Yoshinobu-Startkomplex am japaneschen Tanegashima Space Center an eng geostationär Ëmlafbunn (140° Ost) bruecht.[1]
Den dräiachsestabiliséierte Satellit soll Wiederdate liwweren an ass mat dräi Instrumentkomplexer ausgerëscht. Den Advanced Himawari Imager (AHI) ass d'Haaptinstrument vun der Raumsond. Et ass eng Multispektralkamera mat 16 Kanäl (0,46 .. 13,3 µm) , déi am Beräich vum visuelle Liicht an am Infraroutberäich Iwwersiichts- an Detailfotoe liwwere soll. D'Biller erreechen eng Opléisung vu bis zu 500 Meter a liwweren op de verschiddene Spektralberäicher Donnéeën iwwer d'Populatioun, Temperatur, Wand, Nidderschlag an Aerosolverdeelung. De Space Environment Data Acquisition Monitor (SEDA) soll Daten iwwer Protonen an Elektronen am Weltraum sammelen. Den Data Collection Subsystem (DCS) ass d'Kommunikatiounsnotzlaascht.E sammelt a leet d'Donnéeën op d'Buedemwiederstatiounen iwwer d'Ka-Band weider.[2]
De Satellit gouf op Basis vum Satellittebus DS 2000 vun Mitsubishi Electric gebaut an huet eng geplangt Liewensdauer vun 8 Joer.[3]
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.