Satellittebus
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Als Satellittebus, Satellitteplattform oder Service-Modul bezeechent een d'Versuergungseenheet vun engem Satellit oder enger Raumsond, déi de Betrib vun der tatsächlecher Notzlaascht erméiglecht (par Analogie zum Raumschëff). Dobäi bleift de Satellittebus gréisstendeels d'selwecht a gëtt nëmmen un d'entspriechend Notzlaascht ugepasst, wouduerch d'Entwécklungskäschten deementspriechend falen. Besonnesch heefeg gi se fir Kommunikatiounssatellitten agesat, wougéint Fuerschungssatellitten éischter Spezialkonstruktioune sinn.

Remove ads
Opbau
E Satellittebus besteet aus der mechanescher Grondstruktur als Droelement fir déi verschidde Subsystemer. Dat gëtt bei der Entwécklung fir d'éischt festgeluecht a bestëmmt déi spéider Konfiguratioun vum Satellittebus an domat déi vum op dem Bus opgebaute Satellit. Si hëlt déi statesch an dynamesch Laaschte beim Start a Betrib vum Satellit op an ass och fir d'Schwéngungs- an d'Resonanzverhale vum Satellittebus an a graffen Zich fir dat thermaalt Verhale verantwortlech. An déi Primärstruktur ginn dann d'Subsystemer integréiert, wéi Energieversuergung (Solarzellen, Akkumulatoren), d'Temperaturkontrollsystem, d'Undriffssystem fir d'Lag- a Positiounsreegelung (Bunnreegelung) an de Bordrechesystem fir Steierung an Datenmanagement. Bei bemannte Satellitte kënnt nach de Liewenserhalungssystem dobäi.
Remove ads
Technesch Date vu verschiddene Plattformen
Déi bekanntst Ubidder fir Satellitteplattforme si Boeing, Space Systems/Loral, Thales Alenia Space an EADS Astrium. Si ënnerscheeden sech ausser an hirer Gréisst, Leeschtung a Präis virun allem an hirer Liewensdauer an an hiren Ausriichtungen op speziell Aufgaben.
Remove ads
Um Spaweck
- Thales Alenia Space
- Space System Loral
- LS 1300
- EADS Astrium
- Boeing 376
- Boeing 601
- Boeing 702
- Space Systems Loral: LS-1300
- OHB-System Small Geo
Referenzen
- DLR - SmallGEO-Plattform Archivéiert de 17.11.2015. Gekuckt de 06.12.2014.
- Archive copy Archivéiert de 04.08.2012. Gekuckt de 06.12.2014.
- Proteus bei CNES Archivéiert den 10.10.2011. Gekuckt de 06.12.2014.
Remove ads
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
