Identitéit an Demokratie-Partei
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Identitéit an Demokratie-Partei (en.: Identity and Democracy Party / fr.: French: Parti Identité et Démocratie), bis 2. Juli 2019 Beweegung fir en Europa vun den Natiounen an de Fräiheeten ass eng politesch Partei op europäeschem Niveau.
Logo | Parteizentral |
---|---|
Rue de Téhéran 3 F-75008 Paräis Frankräich[1] | |
Basisdonnéeën | |
Grënnungsdatum: | 3. Oktober 2014[2] |
Ausriichtung: | europaskeptesch rietspopulistesch nationalistesch |
Fraktioun: | Fraktioun Identitéit an
Demokratie (ID) |
Websäit: | ID-Party.eu |
Si gëllt als europaskeptesch, souveränistesch an nationalistesch a gouf 2014 op Initiativ vum franséische Front national a senger Presidentin Marine Le Pen gegrënnt. Zënter Mäerz 2015 ass d'Partei vum Europaparlament unerkannt a krut 1,17 Milliounen Euro zur Parteiefinanzéierung zougesprach.[1]
Am Europaparlament bilt si Fraktioun Identitéit an Demokratie (ID), ewéi an der Parlamentarescher Versammlung vum Europarot zesumme mat de Membere vun der Europäesch Konservativ a Reformiste-Partei de Grupp vun den Europäische Konservativen an Demokratesch Allianz.[3]
Aner Memberparteie sinn ënner anerem d'Alternative für Deutschland, d'Freiheitliche Partei Österreichs, d'italieenesch Lega an de belsche Vlaams Belang.