From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Isabella Fiorella Elettra Giovanna Rossellini, gebuer den 18. Juni 1952 zu Roum, ass eng italieenesch Schauspillerin.
Isabella Rossellini | |
---|---|
Gebuertsnumm | Isabella Fiorella Elettra Giovanna Rossellini |
Gebuer |
18. Juni 1952 Roum |
Nationalitéit | Italien, USA, Schweden |
Aktivitéit | Mannequin, Filmregisseur, Autobiograph, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller, Dréibuchauteur |
Famill | |
Bestuet mat | Martin Scorsese |
Liewenspartner(in) | Gary Oldman, Daniel Toscan du Plantier |
Papp | Roberto Rossellini |
Mamm | Ingrid Bergman |
Geschwëster | Renzo Rossellini |
Si ass d'Duechter vun der Schauspillerin Ingrid Bergman an dem Regisseur Roberto Rossellini. Si huet ufanks als Moud-Designerin a Journalistin, virun allem zu New York, geschafft.
Vun 1982 bis 1993 war si Mannequin fir d'Kosmetikfirma Lancôme. Hir éischt Filmroll hat se 1976 am Vincente Minnelli sengem A Matter Of Time. Duerno huet se a Filmer ë. a. vum Norman Mailer, Robert Zemeckis, Joel Schumacher, John Schlesinger, Peter Weir, Abel Ferrara a Peter Greenaway, matgespillt. Bekannt gouf se besonnesch duerch dem David Lynch seng Filmer Blue Velvet a Wild at Heart.
Si war vun 1979 bis 1983 mam Regisseur Martin Scorsese bestuet, méi spéit mam Manequin Jonathan Wiedemann, an hat méi laang Relatioune mam David Lynch a mam Gary Oldman.
Zanter den 2000er Jore schafft si och als Regisseurin; hiren éischte Film, Green Porno (2008) besteet aus aacht Episoden a weist, an engem comic-hafte Stil, d'Sexualliewe vu Reewierm, Libellen, Schleeken, Beien oder Gottesanbeterinnen. Si spillt dodran och dat eent oder anert Déierchen.
Commons: Isabella Rossellini – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.