Deel vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Lann zu Iechternach ass eng Summerlann (Tilia platyphyllos, (de) Sommerlinde, (fr) tilleul à grandes feuilles) déi zu Iechternach nieft der Péitrus a Paulus-Kierch steet. De Bam, deem säin Alter op 120-140 Joer geschat gëtt(Stand: 2023)[1], gehéiert virun allem wéinst der historescher Plaz op där e steet zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg.
Lann zu Iechternach | |
---|---|
Kategorie | Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Iechternach |
Plaz | Iechternach |
Adress | Rue de la Montagne |
Koordinaten | 49°48'45,43"N, 6°25'23,27"O |
Bamaart | Summerlann |
Geschaten Alter | 130 a |
Héicht | 22 m (2000) |
Duerchmiesser | 0,85 m (2000) |
Ëmfang | 2,67 m (2000) |
D'Lann steet an der Rue de la Montagne, bei der aler Parkierch vun der Stad. D'Kierch Saint-Pierre-et-Paul gouf mat den Terraine ronderëm den 28. Dezember 1961 op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als nationaalt Monument agedroen.[2]
Nieft der Kierch steet en anere Bam, deen zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gezielt gëtt: e Wëlle Käschtebam (Aesculus hippocastanum), mat enger Gréisst vun 19,30 m (ëm 2023 gemooss).
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Käschtebam zu Iechternach.
Well vum Hiwwel aus d'Strooss am Dall, a besonnesch och d'Fuert an d'Fär iwwer d'Sauer liicht konnten iwwerwaacht ginn, gouf et hei schonn zur Réimerzäit eng befestegt Anlag. De Passage iwwer d'Sauer huet zum Kiem gehéiert, dee vun vun der Schanz op Béibreg gefouert huet.
D'archeologesch Ausgruewungen aus de Joren 1959 bis 1966 hu gewisen, datt do zur Réimerzäit zwou Festungsmauere gebaut goufen: eng éischt ëm 275 an eng zweet ëm 375 n. Chr. No der Christianiséierung ass op där Plaz eng kleng Abtei entstanen, déi d'Irmina vun Oeren dem Willibrord am Joer 698 geschenkt huet.
D'Parkierch gouf am 11. Joerhonnert gebaut, woubäi e véiereckege réimesche Bau als Krypta ëmgebaut gouf.
Commons: Lann zu Iechternach – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.