lëtzebuergesch Journalistin a Publizistin From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Liliane Thorn-Petit, gebuer de 24. Januar 1933 zu Diddeleng, a gestuerwen den 8. August 2008, war eng lëtzebuergesch Journalistin a Publizistin.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Liliane Thorn-Petit | |
---|---|
Gebuer |
24. Januar 1933 Diddeleng |
Gestuerwen | 8. August 2008 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Journalist, Publizist |
Famill | |
Bestuet mat | Gaston Thorn |
Si war eng engagéiert frankophil Intellektuell, déi sech besonnesch fir Kultur a Konscht intresséiert huet.
Hir berufflech Karriär huet si bei der internationaler Noriichtenagence "Associated Press" (AP) ugefaangen. Zu Lëtzebuerg war si fir den RTL Radio an Televisioun aktiv, an huet am Répu geschriwwen. Hir Sendungen «Portraits d'artistes», «Au fil des jours» an «Impressioune vun dobaussen» si bis haut onvergiess. Bis zulescht huet si reegelméisseg hir Rubrik am Jeudi publizéiert.
Si war mam fréiere lëtzebuergesche Premier Gaston Thorn (1928-2007) bestuet, a war Matgrënnerin vum Conseil national des femmes du Luxembourg a vun de Femmes libérales.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.