Luxemburg ass eng Uertschaft am Dubuque County, am US-Bundesstaat Iowa. 2000 hunn do 246 Mënschen, opgedeelt an 92 Stéit, gelieft.

Dëse Geographiesartikel iwwer d'USA ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Séier Fakten Land, Bundesstaat ...
Luxemburg
Land Vereenegt Staate vun Amerika
Bundesstaat Iowa
County Dubuque County
Fläch 1,1836 km²
Awunner 245 (1. Abrëll 2020)
Héicht 358
Koordinaten 42°36'17"N, 91°4'36"W
Zoumaachen

D'Uertschaft krut den Numm Luxemburg well mat déi éischt Siidler déi sech do ëm 1850 néiergelooss hate Lëtzebuerger waren. Aner Natiounen déi sech do an der Géigend ugesidelt haten, waren Englänner Iren an Däitscher.

Lëtzebuergesch Nimm déi do erëmzefanne sinn: Heiderscheit, Marnach, Wagner, Lucas, Link, Colbert, Goebel.

Déi éischt Schoul gouf an der Mëtt vun den 1850er Joren opgemaach, an déi éischt Schoulmeeschtere waren den Anton Pfeffer an de Peter Simmerl. Vun 1878 un hunn d'Fransikanerschwëstere vu LaCrosse sech ëm d'Schoul bekëmmert.

Déi éischt Geschäfter deemools ware Schroeder's General Store, Goebel's Blacksmith Shop, d'Postgebai, d'Luxemburg Bank an Ungs Creamery, and carpentry and stone masonry businesses.

Virum Gemengenhaus steet tëscht dem amerikaneschen a lëtzebuergesche Fändel e Kilometerstee wéi se laanscht d'Voie de la Liberté ze fanne sinn. Dat war e Kaddo vu Lëtzebuerg fir un déi amerikanesch Zaldoten z'erënneren, déi am Zweete Weltkrich gehollef hu Lëtzebuerg ze befreien.

Kuckt och

  • Luxemburg fir aner Bedeitunge mat dem selwechten Numm.

Um Spaweck

Wikiwand in your browser!

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.

Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.