Iowa

Bundesstaat vun den USA From Wikipedia, the free encyclopedia

Iowa
Remove ads

Den Iowa ass zanter dem Bäitrëtt zur Unioun den 28. Dezember 1846 den 29. Bundesstaat vun de Vereenegte Staate vun Amerika.

Iowa
Thumb Thumb
(Detailer) (Detailer)
Spëtznumm: The Hawkeye State
Thumb
Lëscht vun alle Bundesstaaten
Haaptstad:Des Moines
Gréisst Stad:Des Moines
Gouverneur:Kim Reynolds
Fläch:
 - Total:
 - Waasser:
Op 26. Plaz
145.746 km²
0,70 %
Bevëlkerung:
 - Total:
 - Dicht:
Op 31. Plaz
3.190.369 (2020)[1]
22,05/km²
Opgeholl als Memberstaat: 28. Dezember 1848 (29ten)
Zäitzon:UTC-6/-5

An der Kolonialzäit war den haitege Staat en Deel vun der franséischer an der spuenescher Louisiane; dowéinst ass och haut nach de Fändel vum Iowa op de franséische Fändel modeléiert. Nodeems den Territoire vun de Vereenegte Staaten opkaf gouf, hunn d'Awunner d'Fëllement fir eng Ekonomie geluecht, déi op der Landwirtschaft baséiert huet. Obwuel déi och haut nach eng wichteg Roll spillt, ass et dem Iowa gelongen, seng Wirtschaft an der zweeter Hallschent vum 20. Joerhonnert ze diversifizéieren. Industrie, Biotechnologie a Finanz- a Versécherungsdéngschtleeschtunge spillen eng wichteg Roll.

Remove ads

Geographie

Iowa läit am Mëttlere Westen. Am Oste grenzt en un de Mississippi River an am Westen un de Missouri River an de Big Sioux River. D'Nopeschstaate si Wisconsin an Illinois am Osten, Missouri am Süden, Nebraska a South Dakota am Westen a Minnesota am Norden.

Stied

Den Iowa ass ländlech markéiert mat haaptsächlech Dierfer a klenge Stied. Déi eenzeg gréisser Agglomeratioune sinn d'Haaptstad Des Moines an e puer weider Stied:

  • Des Moines: 209.000 Awunner
  • Cedar Rapids: 129.000 Awunner
  • Davenport: 105.000 Awunner
  • Sioux City: 83.000 Awunner
  • Iowa City: 73.000 Awunner

Bevëlkerung

2015 gouf d'Bevëlkerung vum Iowa op 3.123.899 Awunner geschat.[2] Dorënner waren 91,8% wäiss Amerikaner, 3,5% Afroamerikaner an 2,4% Asiaten.[3]

Um Spaweck

 Commons: Iowa – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads