From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Lëtzebuerger Energiewirtschaft ass haaptsächlech doduerch gekennzeechent, datt Lëtzebuerg nëmmen 12,3 % vun der verbrauchter Energie doheem produzéiert a 87,7 % aus dem Ausland importéiert.
De Gesamtkonsum vun Energie zu Lëtzebuerg vun 51.187 GWh am Joer 2004 (an elektresch Energieunitéiten) ausgedréckt deelt sech follgendermoossen op (A Klameren den Undeel am Joer 2003):
Bis 1970 ass den Energiekonsum staark an d'Luucht gaangen, bedéngt ënner anerem duerch d'Noutwendegkeete vun der Stolindustrie an de Verbrauch vu Petrolsprodukter, dee staark geklommen ass. Dunn huet, wéi aus dëser Graphik vun der Lëtzebuerger Regierung ervirgeet, de gesamten Energiekonsum stagnéiert an ass souguer ënner säin Niveau vun 1970 gefall:
Wat dobäi opfält ass:
Am Joer 2004 sinn zu Lëtzebuerg 6.296 GWh elektresch Energie verbraucht ginn, 2,6 % méi wéi 2003. D'elektresch Energie stellt dobäi 12,3 % vum Endkonsum vun Energie zu Lëtzebuerg duer. 59,4 % sinn iwwer d'Netz vun der Cegedel verdeelt ginn.
D'Cegedel (Compagnie Grand-Ducale d'Electricité du Luxembourg) ass de 27. Mäerz 1928 gegrënnt ginn. Si huet d'Missioun, den Approvisionnement, den Transport an d'Verdeelung vun elektreschem Stroum zu Lëtzebuerg sécherzestellen, an dat zu wettbewerbsfäege Präisser.
D'Etappe vun der Elektrifizéierung zu Lëtzebuerg waren:
Well d'ganz Welt beängstegt ass iwwer d'Emissioune vun Ofgasen, déi nach ëmmer wuessen an zu beängstegende Klimaverännerunge féieren, hunn déi Vereenten Natiounen d'Initiativ ergraff, fir dës Emissiounen anzeschränken. Dat ass opgrond vum Protokoll vu Kyoto vum 11. Dezember 1997 geschitt, deen de 16. Februar 2005 a Kraaft getrueden ass. Opgrond vun dësem Protokoll sollen d'Länner, déi ënner dësen Accord falen (180 Länner hunn dësen Accord ënnerschriwwen, d'USA gehéieren net dozou), hir Emissioune vu Kuelendioxyd (CO2) an aneren Zäregasen, déi d'Atmosphär an de Klima belaaschten, géintiwwer enger Referenzperiod staark reduzéieren. Fir Lëtzebuerg ass dëse Prozentsaz op 92 % festgeluecht ginn. Dat heescht, datt Lëtzebuerg säin Ausstouss vun Zäregase bis 2010 ëm 28 % géintiwwer 1990 reduzéiere muss.
D'Europäesch Kommissioun huet sech d'Suerge vum Protokoll vu Kyoto och zu eege gemaach an d'Memberlänner vun der Europäescher Communautéit ugehalen:
All dës Objective berouen um Prinzip, eng nohalteg Entwécklung unzestriewen, och am Intérêt vun der Erhalung vum laangfristegen ekologeschen an soziale Gläichgewiicht.
Fir d'Objective vum Protokoll vu Kyoto an och d'Direktive vun der Europäescher Kommissioun iwwer d'erneierbar Energië kënnen z'erfëllen, geet d'Regierung vun enger Rei vu Viraussetzungen aus:
D'Lëtzebuerger Regierung ass vun dësen Iwwerleeungen ausgaangen, fir en nationale Plang fir eng dauerhaft Entwécklung (Plan National pour un Développement Durable, PNDD) auszeschaffen. Déi Eenzelmesuren sinn am Besonneschen:
Am Joer 2005 hunn zu Lëtzebuerg 35 Wandmillen (Éoliennen) funktionéiert, déi elektresche Stroum produzéieren. Si hunn eng Leeschtung déi tëscht 500 an 1.800 kW läit, an déi zesummen eng total installéiert Leeschtung vu 35.315 kW opweisen. Opgrond vun Aussoe vun Ëmweltminister Lucien Lux, geet déi Capacitéit duer, fir de järlechen Energiebedarf vun 13.800 Lëtzebuerger Stéit ze decken. De Bäitrag vun der Wandenergie bei der Stroumproduktioun ass allerdéngs wéinst hirem schwache Rendement zu Lëtzebuerg nach ëmmer onweesentlech.
Wéi deem och sief, am Kader vun der Promotioun vun erneierbaren Energië goufen och grouss Ustrengunge gemaach, fir d'Wandenergie besser auszenotzen.
Bis August 2004 waren 1.811 Installatiounen, déi op der Basis vu solare Photozelle funktionéieren, am Land a Betrib. Dës Anlagen, mat enger Eenzelleeschtung tëscht 0,6 a 50 kWp, hunn am Ganzen eng installéiert Capacitéit vun 22.000 kWp. Si si mat Hëllef vu Staatsmëttele gebaut ginn an hunn hire Stroum zu engem vum Staat garantéierte Präis an d'Stroumnetz agespeist.
Déi méiglech Kapazitéite fir d'Produktioun vun hydroelektreschem Stroum zu Lëtzebuerg ginn op 125 GWh pro Joer geschat. Dovu kënnen der 97 GWh exploitéiert ginn. D'Méiglechkeete fir d'Produktioun vu Stroum duerch Waasserkraaftwierker sinn domat zu Lëtzebuerg souzesoen erschëpft. De Park vun hydroelektreschen Installatioune besteet aus 7 Zentralen. Déi wichtegst dovu sinn:
D'Fro, wéi Lëtzebuerg zur Atomenergie steet, huet 1974 d'Legislativwalen, déi an deem Joer stattfonnt hunn, staark beaflosst. Deemools war d'LSAP géint de Bau vun enger Atomzentral zu Rëmerschen (eenzege Standuert, dee wéinst der Killkapazitéit vun der Musel a Fro komm wier). Ausserparlementaresch Gruppen, d'Biergerinitiativ Museldall (BIM) an de CNAM (Comité national pour un moratoire), hu sech géint sou e Projet zur Wier gesat. D'DP war dofir an d'CSV wollt sech all Méiglechkeeten opstoe loossen, wat där Partei deemools bei de Walen iwwelgeholl ginn ass.
Spéider hu sech déi konsekutiv Lëtzebuerger Regierungen eendeiteg géint de Bau vun enger Atomzentral um Lëtzebuerger Territoire ausgesprach. Nëmmen d'Zentral vu Kettenuewen op der franséischer Säit vun der Musel gouf gebaut. An domat huet Lëtzebuerg d'Nodeeler vun enger Atomzentral, nëmmen e puer km vun der Lëtzebuerger Grenz ewech, a Kaf geholl an op déi méiglech Virdeeler vun der Produktioun vun Atomstroum zu Lëtzebuerg renoncéiert. D'Tatsaach ass awer a bleift datt Lëtzebuerg de meeschte Stroum aus Länner importéiert (besonnesch aus Däitschland), wou den Undeel vun der Atomenergie an der Produktioun vu Stroum erhieflech ass an domat indirekt d'Produktioun vun Atomstroum propagéiert. Doraus gouf de Gréngen an der Regierung ëmmer erëm e Strack gedréint.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.