Naturschutzgebitt Beetebuerger Bësch
Naturschutzgebitt zu Lëtzebuerg / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Beetebuerger Bësch ass en Naturschutzgebitt an de Gemenge Beetebuerg, Leideleng a Réiser. Tëscht Leideleng, Obeler a Kockelscheier läit e Bëschgebitt, dat Deel vum Beetebuerger Bësch ass, a wouvun 237,32 ha zanter dem 20. September 2005 ënner Naturschutz stinn[1] an zu engem Naturbësch klasséiert goufen.
Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Séier Fakten Land, Plaz ...
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Plaz | Beetebuerg |
Fläch | 237,32 ha |
Nationalcode | RFI 31 |
Koordinaten | 49°32'49"N, 6°4'55"O |
Status | Geschützt Zon vun nationalem Intressi |
Geschützt zanter | 20. September 2005 |
Zoumaachen
2009 huet d'Gemeng Beetebuerg 12,37ha Bësch, déi un d'Kärzon vum Naturreservat stoussen, opkaaft, fir d'Reservat ze vergréisseren. 2013 gouf d'Baach an der Koleschgriecht op enger Längt vu 450 m ënner der Leedung vum Syndikat Sicona-Westen renaturéiert.[2]
Iwwer den CR163 kënnt een tëscht Obeler an der SIDOR-Anlag bei eng kleng Parkplaz mat Informatiounstafelen iwwer d'Naturschutzgebitt.