![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/f/f5/Olympus_Mons.jpg/640px-Olympus_Mons.jpg&w=640&q=50)
Olympus Mons
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Olympus Mons, genannt nom griichesche Bierg Olymp, dem Sëtz vun den anticke griichesche Gëtter, ass e Vulkan an der Tharsis-Regioun um Planéit Mars. Mat iwwer 22 km Héicht iwwer dem mëttlere Planéitenniveau a 26 km iwwer der Plateausdéift an där e steet souwéi engem Duerchmiesser vu bal 600 km ass hien den héchsten a gréisste bekannte Bierg am Sonnesystem.[1] Bal grad sou héich ass allerdéngs och den Zentralbierg am Krater Rheasilvia um Asteroid Vesta.
Struktur um Mars Uranius Mons | |
---|---|
![]() | |
Geologie | Vulkan |
Regioun | Tharsis |
Breedegrad | 18,35453° N |
Längegrad | -133,24219° W |
Gréisst vum Areal | 600 km |
Héchste Punkt | 22,5 km |
Gréisst vun der Caldera | 80 × 60 km |
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/8/8a/Olympus_Mons_Side_View.svg/640px-Olympus_Mons_Side_View.svg.png)
Et ass net bekannt, ob den Olympus Mons erläscht oder aktiv ass.
Den Olympus Mons gouf fréier als Nix Olympica (Nix ass dat laténgescht Wuert fir Schnéi) bezeechent. Déi Albedobezeechnung staamt vum Giovanni Schiaparelli, deen de Bierg den 10. November 1879 entdeckt hat a gemengt hat, Schnéi ze gesinn.