Phobos-Monolith
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Phobos-Monolith ass e Monolith um Mars-Mound Phobos.
De Phobos-Monolith ass en hellen Objet an der Géigend vum Stickney-Krater. Hie gëtt als "haushéije" Fiels bezeechent a wërft en opfällege Schiet.[1],[2] Hie gouf fir d'éischt vum Efrain Palermo entdeckt. D'Entdeckung gouf spéider vum Lan Fleming, engem Mataarbechter vum Johnson Space Center, bestätegt.
Vu wou de Monolith hierkënnt ass net bekannt; méiglecherweis handelt et sech ëm e Stéck Ausworfmaterial vun engem Aschlag um Marsmound.
D'Géigend ëm de Monolith gëtt als Landezon fir eng onbemannt kanadesch Raumfaartmissioun mam Numm PRIME (Phobos Reconnaissance and International Mars Exploration)[1] a Betruecht gezunn. D'PRIME-Missioun soll aus engem Orbiter an engem Lander bestoen, déi de Mound a seng Geologie mat jee véier Instrumenter ënnersiche sollen. Et ass nach kee Startdatum fir d'Missioun genannt.
De Monolith ass op de Mars Global Surveyor-Biller SPS252603 an SPS255103 vun 1998 ze gesinn. De Monolith steet a kengem Zesummenhank zu engem Monolith um Mars, deen d'NASA als Beispill fir eng marsianesch Uewerflächestruktur identifizéiert hat.[3]