lëtzebuergesche Museker, Dirigent a Komponist From Wikipedia, the free encyclopedia
De Pierre Cao, gebuer den 22. Dezember 1937 zu Diddeleng, ass e lëtzebuergesche Museker, Dirigent a Komponist, dee virun allem vun der mënschlecher Stëmm faszinéiert ass. En huet um Conservatoire royal vu Bréissel Kompositioun an Direktioun studéiert.
Pierre Cao | |
---|---|
Gebuer |
22. Dezember 1937 Diddeleng |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Conservatoire royal vu Bréissel |
Aktivitéit | Komponist, Dirigent |
Als exzellente Pedagog huet de Pierre Cao sech säi ganzt Liewe fir d'Ausbildung vun Dirigenten agesat. Bis 1998 huet hien am Stater Conservatoire Direktioun enseignéiert an huet doriwwer eraus vill Meeschtercourse fir Fortgeschrëttener ginn. En huet verschidde Vokalensembelen zu Lëtzebuerg an Emgéigend geleet an ass Matgrënner vum INECC (Institut européen de chant choral).
Mat en ettleche Plackenopnamen an der Leedung vu ville Chéier, Ensembelen an Orchesteren huet e sech en internationale Ruff verschaaft.
Vun 1999 bis 2014 war de Pierre Cao kënschtleresche Leeder vum Chouer Arsys Bourgogne.
An den 1950er Jore war de Cao och als Handballspiller aktiv. 1954 war hie fir d'éischt am Kader vun der lëtzebuergescher Härenhandballnationalekipp. Hien huet zéngmol an der Nationalekipp gespillt[1].
Thill, Marc, 2024. Wie ein Waschmaschinenbauer due Musik für sich entdeckte. Luxemburger Wort vum 12. August 2024, S. 36-37.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.