belsch Provënz From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Provënz Lëtzebuerg (fr.: Province de Luxembourg; wa.: Province do Lussimbork) ass eng vun de 5 Provënzen an der Regioun Wallounien, am Südoste vun der Belsch. De Chef-lieu ass Arel.
Provënz Lëtzebuerg | |
---|---|
Land | Belsch |
Regioun | Wallounien |
Communautéit |
Franséisch Communautéit vun der Belsch |
Chef-lieu | Arel |
ISO 3166-2 | BE-WLX |
Awunner | 246.820 (1. Januar 2018) |
Fläch | 4.439,72 km² |
Arrondissementer |
Arel Baaschtnech Marche-en-Famenne Neufchâteau Virton |
Websäit | https://www.province.luxembourg.be |
Den haitege Grand-Duché vu Lëtzebuerg an déi belsch Provënz Lëtzebuerg hunn tëscht 1815 an 1839 eng Eenheet gebilt, an zwar de Grand-Duché, sou wéi e vum Wiener Kongress geschaf gi war. Nodeem awer d'Belsch sech vum Vereenegte Kinnekräich vun den Nidderlanden onofhängeg gemaach hat, gouf de 14. Oktober 1831 zu London eng Konferenz aberuff, déi d'Grenze vun deem neie Staat sollt festleeën. D'Groussmuechten hunn do ënner anerem beschloss, Lëtzebuerg ze deelen: Dee westlechen, francophonen Deel sollt belsch ginn an nëmmen deen ëstleche, germanophone géif dem hollännesche Kinnek Wëllem I. gelooss ginn, dee jo Groussherzog vu Lëtzebuerg war (a Personalunioun). Dobäi ass allerdéngs d'Grenz e bëssen zu Gonschte vun der Belsch gezu ginn, sou datt d'Regioun vun Arel, d'Areler Land, derbäi koum, obschonns se deemools nach ganz däitschsproocheg war (oder, wat dat selwecht heescht, lëtzebuergeschsproocheg). Definitiv gouf d'Deelung dunn den 19. Abrëll 1839 am Traité vu London festgehalen.
D'Provënz Lëtzebuerg ass mat 4.443 km² déi gréisst belsch Provënz. Si huet 246.820 Awunner an ass a 5 Arrondissementer a 44 Gemengen agedeelt. Zwou grouss Landschafte leien do: d'Gaume an d'Ardennen. Den héchste Punkt mat 652 m ass d'Baraque de Fraiture.
1. Arel |
12. Étalle |
23. Libramont-Chevigny |
34. Rouvroy |
Nëmme 5 Gemengen hu méi wéi 10.000 Awunner
Am Arrondissement Arel liewen 51.902 Awunner op 317 km².
Am Arrondissement Baaschtnech liewen 40.574 Awunner op 1.043 km².
Am Arrondissement Marche liewen 50.359 Awunner op 954 km².
Am Arrondissement Neufchâteau liewen 55.598 Awunner op 1.354 km².
Am Arrondissement Virton liewen 48.387 Awunner op 771 km².
Commons: Provënz Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.