US-amerikanesche Film vum Alfred Hitchcock From Wikipedia, the free encyclopedia
Psycho ass en US-amerikanesche Film, deen 1960 vum Alfred Hitchcock no engem Dréibuch vum Joseph Stefano a Schwaarz-Wäiss gedréint gouf.
Film | |
---|---|
Produktiounsland | USA |
Produktiounsjoer | 1960 |
Première | 1960 |
Dauer | 109 min |
Faarf | Schwaarz-Wäiss |
Originalsprooch | Englesch |
Ekipp | |
Regie | Alfred Hitchcock |
Dréibuch |
Joseph Stefano nom Roman Psycho vum Robert Bloch |
Fotografie | John L. Russell |
Musek | Bernard Herrmann |
Produzent |
Alfred Hitchcock, fir Shamley Productions |
Produktiouns- gesellschaft | Paramount Pictures |
Schauspiller | |
Anthony Perkins als Norman Bates Janet Leigh als Marion Crane Vera Miles als Lila Crane Martin Balsam als Detective Arbogast John Gavin als Sam Loomis John McIntire als Sheriff Al Chambers Vaughn Taylor als George Lowery Pat Hitchcock als Caroline | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Dëse Suspense-Film ass ee vun den zentrale Wierker vum Hitchcock an och ee vun deene populäersten.
D'Marion Crane, eng Sekretärin an enger Immobilien-Agence, gëtt vun hirem Patron ugestallt, eng héich Zomm Suen - 40.000 Dollar - op d'Bank ze bréngen. Hatt mécht sech awer mat de Suen aus dem Stëbs, fir bei säi Frënd, deen an engem anere Bundesstaat wunnt, ze fueren, an do en neit Liewen unzefänken. Ënnerwee hält et, wéinst engem Donnerwieder an der Nuecht, an engem Motel stall. Dëse gëtt vun engem scheie jonke Mann, dem Norman Bates, gefouert, deen dem Marion erzielt, hie géif do eleng mat senger Mamm wunnen. D'Marion kritt d'Zëmmer Nr.1, an hëlt, no engem Gespréich mam Norman, eng Dusch...
D'Zeen, wou d'Haaptactrice ënner der Dusch erstach gëtt, an dem Bernard Herrmann seng schrill Staccato-Sträicher Musek dozou, gehéiert mëttlerweil zu deenen am dacksten zitéierten Zeenen aus der Filmgeschicht.
Et gëtt 3 Fortsetzunge vum Film:
1983: Psycho II, Regie: Richard Franklin
1986: Psycho III, Regie: Anthony Perkins
1991: Psycho IV - The Beginning, Regie: Mick Garris
allen 3 mam Anthony Perkins an der Haaptroll.
1998 huet de Gus Van Zant e Remake gedréint, deen d'Original praktesch Astellung fir Astellung kopéiert.
De Film Hitchcock vum Sacha Gervasi (2012) spillt wärend den Dréiaarbechte vu Psycho, woubäi den Anthony Hopkins den Hitchcock spillt, d'Helen Mirren seng Fra Alma Hitchcock-Reville, an d'Scarlett Johansson d'Vivian Leigh.
Ongeféier an der 7. Minutt vum Film gesäit een den Hitchcock vun hannen, mat engem Cowboyshutt op, virun der Agence stoen.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.