Alfred Hitchcock

US-amerikanesche Filmregisseur a Filmproduzent (1899–1980) From Wikipedia, the free encyclopedia

Alfred Hitchcock
Remove ads

De Sir Alfred Joseph Hitchcock, gebuer den 13. August 1899 zu London an England, a gestuerwen den 29. Abrëll 1980 zu Los Angeles, war en englesch-US-amerikanesche Filmregisseur a Filmproduzent.

Séier Fakten Gebuertsnumm, Pseudonym ...
Remove ads

Fréiliewen

Den Alfred Hitchcock war dat jéngst vun dräi Kanner vum William Hitchcock, vu Beruff Epicier a Geméishändler, an der Emma Jane Whelan. De jonken Alfred ass kathoulesch erzu ginn an ass zu London de Saint Ignatius College gaangen, eng Schoul déi vu Jesuitte gefouert gouf. Wéi hie 14 Joer hat, ass säi Papp gestuerwen.

Den Alfred Hitchcock an den englesche Film

Am Joer 1920 hat den Alfred Hitchcock säin éischte Kontakt mam Film. Fir d'Famous Players Film Company-Lasky huet hie Filtëschentitele fir Stommfilmer gemaach. Am Joer 1922 krut hien d'Chance Regie an dem Film mam Titel No 13 ze féieren. De Film ass awer ni fäerdeg ginn.

1925 huet hien zu München ugefaangen de Film The Pleasure Garden ze dréinen, déi dann 1927 an d'Kinoe koum. 1926 huet den Alfred Hitchcock sech mat senger Filmassistentin Alma Reville bestuet. Si gouf seng enkst Mataarbechterin an all senge Filmer.

Den éischten echten Hitchcockfilm, wéi hie selwer zum François Truffaut sot, war dann 1927 The Lodger: A Story of the London Fog.

Mat Blackmail huet den Hitchcock am Joer 1929 säin éischten Tounfilm gedréint. Seng interessant Filmer an den 1930er Jore waren The Man who Knew too much an The 39 Steps.

Remove ads

Den Alfred Hitchcock an Amerika

Fir de Film Rebecca huet den David O. Selznick den Alfred Hitchcock 1940 op Hollywood geholl. Hei huet hien 1943 ee vu senge beschte Filmer aus den 1940er Joren, Shadow of a Doubt gedréint. Dat ass eng ganz schwaarz Geschicht ëm e jonkt Meedchen dat säi Monni verdächtegt, e Mäerder ze sinn.

Mat dem Film Rope, no engem Theaterstéck vum Patrick Hamilton, huet den Hitchcock am Joer 1948 säin éischte Faarffilm gedréint.

Besonnesch bekannt si seng dräi Filmer mat der Grace Kelly an der Haaptroll, et sinn dat Dial M for Murder (an der 3D Technik gedréint), Rear Window an To Catch a Thief. A wonnerschéine Faarwe presentéiert sech dann The Trouble with Harry, e Film voll mat schwaarzem Humor.

Vill Filmkritiker gesinn dem Hitchcock säi Film Vertigo als säi perséinlechsten un. Hei geet et ëm e Polizeibeamten deen ënner Héichtenangscht, ënner Akrophobie leit. Déi Angscht spillt am Film d'Haaptroll.

North by Northwest ass e flotte Verfollgungs-Thriller. Bekannt ass besonnesch déi Zeen an där den Held (Cary Grant) op oppenem Feld vun engem Fliger ugegraff gëtt an d'Zeenen déi sech op de stenge Käpp vun den amerikanesche Presidenten um Mount Rushmore ofspillen.

Psycho, e Grujelfilm a schwaarz-wäiss gedréint mat engem ganz klenge Budget, gouf ee vum Hitchcock senge groussen Erfolleger, besonnesch bekannt ass déi Zeen an där d'Marion Crane (Janet Leigh) an der Dusch erstach gëtt.

Beim Film The Birds lafen dem Spectateur d'Schudderen de Réck erof, wann op eng Kéier brav Villercher ufänken d'Mënschen unzegräifen.

No Marnie huet den Hitchcock nach e puer Filmer gedréint, déi awer net méi u seng vireg Filmer erukoumen.

Filmographie

Kino

Stommfilmer

  • No. 13 (net zu Enn gedréint) (1922)
  • Always Tell Your Wife (net genannt) (1923)
  • The Pleasure Garden (1927)
  • The Mountain Eagle (1927)
  • The Lodger: A Story of the London Fog (1927)
  • Downhill (1927)
  • Easy Virtue (1927)
  • The Ring (1927), Acteuren: Carl Brisson a Lillian Hall-Davis
  • The Farmer's Wife (1928)
  • Champagne (1928)
  • The Manxman (1929), Acteuren: Carl Brisson an Anny Ondra

Tounfilmer

vun 1929 bis 1939

vun 1940 bis 1949

vun 1950 bis 1959

vun 1960 bis 1976

Remove ads

Televisiounsfilmer

Alfred Hitchcock presents

  • Revenge, (Episod 1), (1955), Acteuren: Ralph Meeker a Vera Miles
  • Breakdown, (Episod 7), (1955), Acteuren: Joseph Cotten a Raymond Bailey
  • The Case of Mr. Pelham, (Episod 10),(1955), Acteuren: Tom Ewell a Raymond Bailey
  • Back for Christmas, (Episod 23), (1956), Acteuren: John Williams an Isonel Elsom
  • Wet Saturday, (Episod 40), (1956), Acteuren: Cedrid Hardwicke an John Williams
  • Mr. Blanchard's Secret, (Episod 52), (1956), Acteuren:Mary Scott a Robert Horton
  • One More Mile to Go, (Episod 67), (1957), Acteuren: David Wayne a Steve Brodie
  • The Perfect Crime, (Episod 81), (1957), Acteuren: Vincent Price an James Gregory
  • Lamb to the Slaughter, (Episod 106), (1958), Acteuren: Barbara Bel Geddes an Harald J. Stone
  • A Dip in the Pool, (Episod 113), (1958), Acteuren: Keenan Wynn a Fay Wray
  • Poison, (Episod 118), (1958), Acteuren: Wendell Corey an James Donald
  • Banquo's Chair, (Episod 146), (1959), Acteuren: John Williams a Reginald Gardiner
  • Arthur, (Episod 154), (1959), Acteuren:Laurence Harvey an Hazel Court
  • The Crystal Trench, (Episod 155),(1959), Acteuren: James Donald a Patricia Owens
  • Mr. Bixby and the Colonel's Coat, (Episod 191), (1960), Acteuren: Audrey Meadows a Les Tremaine
  • The Horse Player, (Episod 212), (1961), Acteuren: Claude Rains an Ed Gardner
  • Bang! You're Dead, (Episod 230), (1961), Acteuren: Biff Elliott a Lucy Prentiss

Suspicion

  • Four O'Clock, (Episod 1),(1957), Acteuren: E.G. Marshall an Nancy Kelly

Ford Startime

The Alfred Hitchcock Hour

  • I Saw the Whole Thing, (Episod 4), (1962), Acteuren: John Forsythe an John Fiedler
Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Alfred Hitchcock – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads