From Wikipedia, the free encyclopedia
De Roby Schaeffer oder Robert Schaeffer, gebuer de 7. November 1930 zu Esch-Uelzecht, a gestuerwen den 23. Abrëll 2014 zu Liberty am Missouri[1], war e lëtzebuergesche Liichtathleet an Diplomat.[2]
Roby Schaeffer | |
---|---|
Gebuer | 7. November 1930 |
Gestuerwen | 23. Abrëll 2014 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Liichtathleet |
Huet matgemaach bei | Olympesch Summerspiller 1952 |
No senger Première a sengem Studium zu Paräis op der École des hautes études commerciales huet hie post-universitär Studien op der University of Kansas gemaach. Zanterhier huet hien zu Kansas City gelieft. Hie war zanter 1972 Honorarkonsul vu Lëtzebuerg zu Kansas City. Hien huet ënner anerem dozou bäigedroen, datt verschidde Gemengen zu Lëtzebuerg Partnerstied vu Liberty oder North Kansas City sinn.[3] Hie war President vun der Luxembourg Heritage Society déi d'Lëtzebuerger Kultur an den USA verbreet huet.
Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1952 zu Helsinki vertrueden, wou hien an der 4x400 Meter Staffel zesumme mam Gérard Rasquin, Fred Hammer a Jean Hamilius de lëtzebuergesche Landesrekord (bis 1998) gelaf ass.[4] An den 200 Meter hat hien och laang Zäit de Rekord.
Hie war bestuet an hat zwee Kanner.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.