De Syndicat intercommunal de dépollution des eaux résiduaires du nord, ofgekierzt SIDEN, ass e grenziwwerschreidenden interkommunale Syndikat am Norde vu Lëtzebuerg.

Séier Fakten Secteur, Leedung ...
SIDEN
Thumb
D'Kläranlag vum SIDEN zu Maarnech
Syndicat intercommunal de dépollution des eaux résiduaires du nord
Secteur Ofwaasser
Leedung Fernand Mergen
Verwaltungssëtz Bleesbréck
Membergemengen Ärenzdallgemeng, Bauschelt, Bettenduerf, Biissen, Buerschent, Colmer-Bierg, Dikrech, Ëlwen, Esch-Sauer, Ettelbréck, Feelen, Fiels, Géisdref, Groussbus-Wal, Hiefenech, Ierpeldeng op der Sauer, Kiischpelt, Klierf, Konsdref, Mäerzeg, Noumer, Parc Housen, Pëtschent, Rammerech, Reisduerf, Schieren, Stauséigemeng, Tandel, Veianen, Wäiswampech, Wanseler, Wëntger, Wolz, Verbandsgemeng Neierbuerg, Südeifelwerke
Gegrënnt 23. Mäerz 1994
Websäit http://www.siden.lu
Zoumaachen

Den Ofwaassersyndikat këmmert sech ëm d'Ofwaasser an alles, wat domat ze dinn huet, vu ronn 84.000 Leit aus de 34 lëtzebuergesche Membergemengen[1]. Do derbäikommen och nach zwéi Memberen an Däitschland.

De SIDEN exploitéiert 331 Ofwaasserkollekteren, 92 mechanesch an 89 biologesch Kläranlagen[1].

Geschicht

De SIDEN gouf duerch en Arrêté grand-ducal vum 23. Mäerz 1994[2] agefouert. D'Statute goufen den 29. Oktober 2007 geännert[3].

De Verwaltungssëtz vum Syndikat ass an der Kläranlag op der Bleesbréck; President vum SIDEN ass de Fernand Mergen.

Membergemengen

Lëtzebuergesch Memberen

Auslännesch Memberen

Südeifelwerke Irrel AöR

Zanter 2014 sinn d'„Südeifelwerke Irrel AöR“ - als rechtlech Nofollger vun der däitscher Uertsgemeng Irrel a Rheinland-Pfalz - Member vum SIDEN[4]. D'Memberschaft geet zeréck op e Beschloss vum deemolege Gemengerot vun Irrel vum 25. November 2009[5].

432 Awunner vun Irrel profitéiere vum Uschloss un de SIDEN[4].

VG Neuerburg

D'Verbandsgemeng Neierbuerg aus dem rheinland-pfälzeschen Äifelkrees Béibreg-Prüm ass och un de SIDEN ugeschloss[6].

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Syndicat intercommunal de dépollution des eaux résiduaires du Nord – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

  1. Les communes membres du SIDEN. www.siden.lu. Gekuckt de(n) 15.08.2020.
  2. Commune de Südeifelwerke Irrel AöR. www.siden.lu/Communes. Gekuckt de(n) 15.08.2020.
  3. Commune de VG Neuerburg. www.siden.lu. Gekuckt de(n) 15.08.2020.
Interkommunal Syndikater
Am Haff | An der Schwemm | BILLEK | CM-Nord | De Réidener Kanton | DEA | Ecole de musique du canton de Redange | Ecole régionale Uewersauer | FILANO | HIS | Les Thermes | Maintien à domicile-Medernach | MINETT-KOMPOST | Naturpark Uewersauer | Naturpark Our | Pidal | PIMODI | PRO-SUD | Réidener Schwemm | Résidence des Ardennes Clervaux | Schoulkauz | SEBES | SEC | SES | SESE | SESF | SIACH | SIAEE | SIAEG | SIAER Triangle Vert | SIAS | SICA | SICEC | SICLER | SICONA Sud-Ouest | SICONA-Centre | SICOSPORT KAYLDALL | SIDEC | SIDEN | SIDERE | SIDERO | SIDEST | SIDOR | SIFRIDAWE | SIGI | SIGRE | SIKOR | SISPOLO | SIT | SITEG | SIVEC | SPIC | STEP | SYCOPAN | SYCOSAL | Syndicat Müllerthal | SYNECOSPORT | Syrdall Schwemm | SYVICOL | TICE | ZAMID | ZANO | ZARE | ZARO | ZARW

Wikiwand in your browser!

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.

Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.