San-marineesesch Foussballnationalekipp
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'san-marineesesch Foussballnationalekipp (op Italieenesch: Nazionale di calcio di San Marino, op Romagnolesch: Naziunèl 'd palòn 'd San Maroin) ass eng Selektioun vun de beschte san-marineesesche Foussballspiller, déi vun der san-marineesescher Foussball-Federatioun (FSGC) erausgesicht ginn. Si representéiert San Marino op internationalem Niveau, zum Beispill bei de Qualifikatioune fir d'Europameeschterschaft (UEFA) an d'Weltmeeschterschaft (FIFA).
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
San Marino | |||
Spëtznumm: | La Serenissima, Nazionale del Titano | ||
Federatioun: | FSGC | ||
Trainer: | Franco Varrella | ||
Meescht Matcher: | Andy Selva (74) | ||
Meescht Goler: | Andy Selva (8) | ||
Stadion: | San Marino Stadium | ||
Historesch Matcher | |||
Éischte Match: | San Marino - Schwäiz: 0-4 14. November 1990, Serravalle, San Marino | ||
Héchst Victoire: | San Marino - Liechtenstein: 1-0 28. Abrëll 2004, Serravalle, San Marino | ||
Héchst Nidderlag: | San Marino - Däitschland: 0-13 6. September 2006, Serravalle, San Marino | ||
|
An der FIFA-Weltranglëscht ass d'san-marineesesch Nationalekipp op der Plaz 211, der leschter Plaz vun alle Foussballnationalekippen (Stand: 29. November 2018)[1]. D'"Serenissima" ass bekannt als eng vun de schlechtsten, wann net souguer déi schlechtst Foussballnationalekipp vun Europa a vun der ganzer Welt, déi bal ëmmer um leschte Wupp vun der Weltranglëscht war[2]. Déi eenzeg Victoire vu San Marino war den 28. Abrëll 2004, 1:0 am Frëndschaftsspill géint Liechtenstein[3],[4].
Zanter 2018 ass de Franco Varrella Haapttrainer vun der Ekipp[5].