From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Simone Theis, gebuer de 7. September 1940 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng fréier lëtzebuergesch Schwëmmerin an Olympionickin.[1] Si huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1960 zu Roum vertrueden.[2]
Simone Theis | |
---|---|
Gebuer |
7. September 1940 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schwëmmer |
Gréisst | 181 cm |
Gewiicht | 68 kg |
Huet matgemaach bei | Olympesch Summerspiller 1960 |
D'Simone Theis huet mat 16 Joer mam Schwammen ugefaangen a gouf séier eng vun de beschte Lëtzebuerger Schwëmmerinnen an alle Stiler, ausser am Papillon. Dat hat awer och domat ze dinn, datt d'Dammen deemools quasi nëmme Brasse geschwomme sinn. De Louis Deny, Trainer beim Swimming Lëtzebuerg (SCL), konnt d'Simone Theis awer iwwerzeegen, och aner Stiler ze schwammen. Besonnesch gutt Resultater hat si duerno am Réckschwammen.
D'Simone Theis huet tëscht 1957 an 1961 follgend national Rekorder verbessert:
Ier si 1960 op den Olympesche Spiller zu Roum matgemaach huet, hat si nach ni an engem 50 m Baseng trainéiert. Zu Roum koum si am 100 m-Réck an der Serie ënner 30 Konkurrentinnen aus 19 Natiounen op d'Plaz 8 (1'21''9) a gouf domat eliminéiert.
No den Olympesche Spiller war si Trainerin beim SCL. Si ass hiert lescht nationaalt Championnat 1963 geschwommen.
Tëscht 1977 an 1983 hat d'Simone Theis eng privat Schwammschoul zu Dummeldeng an duerno, bis 1990, e Fitnessstudio. Vun 1993 bis 2011 war si Monitrice fir Seniorenturnen bei der Stater Gemeng.
D'Simone Theis ass mam Guy Folscheid bestuet[3] a Mamm vun zwee Meedercher. Hir Schwëster Viviane war och Schwëmmerin[4].
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.