From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Théâtre ouvert Luxembourg (ofgekierzt: TOL) ass en Ensembel an der Stad Lëtzebuerg, dee franséischsproocheg Theaterstécker spillt.
En ass 1973 ronderëm fënnef engagéiert Theaterfrënn entstanen: Marc Olinger, Ger Schlechter, Henri Losch, Pol Greisch a Christiane Schlechter-Wirtz[1]. Éischten artisteschen Direkter war de Marc Olinger, éischte President de Ger Schlechter.
En ale Spirituosen-Hangar op der Nummer 143 an der Diddenuewener Strooss gouf vun de Membere vum TOL 1984 an en Täschentheater ëmgebaut. Zanterhier huet den TOL do säi feste Sall, deen nom Doud vun der Christiane Schlechter-Wirtz "Salle Christiane Schlechter" genannt gouf.
Den 28. Januar 2002 ass e Veräin ënner dem selwechten Numm gegrënnt ginn, fir den Theater ze bedreiwen: Théâtre ouvert Luxembourg asbl.[4]
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.