Marc Olinger
lëtzebuergesche Film- an Theaterschauspiller a Regisseur From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Marc Olinger, gebuer de 6. Januar 1946 zu Lëtzebuerg, a gestuerwen den 8. Januar 2015 zu Lyon[1],[2],[3], war e lëtzebuergesche Film- an Theaterschauspiller a Regisseur.

De Marc Olinger war viru senger Schauspiller- a Regisseurscarrière 15 Joer laang Lycéesprofesser. Hien ass 1972 ee vun de Matgrënner vum TOL gewiescht a war bis 1985 Direkter dovun.
De Marc Olinger war Direkter vum Kapuzinertheater bis 2010[1]. Hien huet och mam Fernand Fox an enger Rei vu Filmspote fir eng lëtzebuergesch Assurance matgespillt a war eng Zäitche Presentateur an der Kichesendung op RTL Hei-Elei.
Hie war mat dem Claudine Pelletier bestuet.
Remove ads
Filmer (Auswiel)
als Regisseur
- E Fall fir sech (1984) Regie mam Menn Bodson
- Déi zwéi vum Bierg (1985) Regie mam Menn Bodson a Gast Rollinger
- De falschen Hond (1989) Regie mam Menn Bodson a Gast Rollinger
- E Liewe laang (1992)
als Schauspiller
- Déi zwéi vum Bierg (1985)
- Troublemaker (1988)
- E Liewe laang (1992)
- Le Club des Chômeurs (2002), vum Andy Bausch
- Deepfrozen (2006), vum Andy Bausch
- Réfractaire (2009), vum Nicolas Steil
- Humains (2009), vum Jacques-Olivier Molon a Pierre-Olivier Thevenin
- Lingo vino (2009) vum Daniel Texter
- D'Symmetrie vum Päiperlek (2012) vum Paul Scheuer a Maisy Hausemer
- Les âmes de papier (2013) vum Vincent Lannoo
Remove ads
Reklammsfilmer fir eng Assurance
Zesumme mam Fernand Fox huet de Marc Olinger d'"Haaptrollen" an enger Serie vu Reklammsfilmer fir eng Assurance. Dës Kuerzfilmer si meeschtens Parodien op Blockbuster-Filmer. Nom Ben Hur, Indiana Jones an dem Dances with Wolwes
- Les tribulations d'une tondeuse à gazon, 1998
- Les ragots, 2000, vun der Geneviève Mersch
- Super-Agent LAURA JONES, 2002
- Harry Pätter, 2004
- Terminator-Fox, 2006, eng Parodie op dem James Cameron säin Terminator 2 vun 1991
Remove ads
Literatur
- Marc Thill, 2023. Deux dames, un théâtre. Luxemburger Wort vum 3. Oktober 2023, S. 58-59.
Gielercher an Eierungen
- Officier vum Ordre des arts et lettres (Promotioun 1993)[4]
- An der Stad Lëtzebeurg gouf de Passage Marc-Olinger no him genannt.
Um Spaweck
Referenzen
- "Marc Olinger, Doud vun enger Lëtzebuerger Theaterlegend." rtl.lu, Leschten Update: 08.01.2015, 22:04:17
- Marc Olinger ist tot. Luxemburger Wort vum 9. Januar 2015, S. 19.
- Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 13. Januar 2015, S. 63.
- (de) Kleng Revue - Marc Olinger. viewer.eluxemburgensia.lu. Revue (Zäitschrëft) (28. Juli 1993). Gekuckt den 20. Oktober 2024.
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
