From Wikipedia, the free encyclopedia
The Birds ass e Spillfilm vum Alfred Hitchcock aus dem Joer 1963, deen op enger Kuerzgeschicht mam selwechten Numm vun der englescher Schrëftstellerin Daphne du Maurier vun 1952 baséiert. De Film gëllt als Klassiker vun den Horrorfilmer a war no North by Northwest (1959) a Psycho (1960) nach een Héichpunkt am Hitchcock sengem Spéitwierk.
Film | |
---|---|
Produktiounsland | USA |
Produktiounsjoer | 1963 |
Première | 28. Mäerz 1963 |
Dauer | 115 min |
Faarf | Faarweg |
Originalsprooch | Englesch |
Ekipp | |
Regie | Alfred Hitchcock |
Dréibuch |
Evan Hunter, no der Kuerzgeschicht The Birds vum Daphne du Maurier |
Fotografie | Robert Burks |
Musek |
Bernard Herrmann Oskar Sala |
Costumedesign | Edith Head |
Produzent |
Alfred Hitchcock, fir Shamley Productions |
Produktiouns- gesellschaft | Universal Studios |
Schauspiller | |
Tippi Hedren als Melanie Daniels Rod Taylor als Mitchell ("Mitch") Brenner Jessica Tandy als Lydia Brenner Suzanne Pleshette als Annie Hayworth Veronica Cartwright als Cathy Brenner Ethel Griffies als Ornithologin | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Dat attraktiivt Melanie Daniels, eng verwinnt Millionärsduechter, fiert op Bodega Bay fir dem Affekot Mitch Brenner, deen et kuerz virdrun zoufälleg kenne geléiert hat, eng Koppel Villercher ze bréngen, déi e fir seng kleng Schwëster wollt kafen. Si komme sech awer net direkt méi no, well am Dierfche sinn och dem Mitch seng jalous Mamm a seng Ex, eng Léierin. An da sinn do nach Tëschefäll mat Méiwen, Kueben a Fénken, déi ëmmer méi bedreelech ginn, an déi a reegelrecht Attacken op d'Leit ausaarten...
Am Film sinn eng 400 Astellungen, wou mat deene verschiddensten Tricktechnike geschafft gouf, wéi Matte Painting, Réckprojektioun, Yellowscreen oder Rotoskopie, dacks a Kombinatioun mateneen, dobäi koume Vigelattrappen an dresséiert, echt Vullen.
Et gëtt keng Filmmusek am klassesche Sënn, ma eng Tounkuliss mat elektronesche Vigelkläng, déi mat enger Zort Virleefer vum Synthesizer, dem Trautonium vum Remi Gassmann an dem Oskar Sala geschaf gouf.
Dem Alfred Hitchcock säi Cameo-Optrëtt ass um Enn vun der Zeen am Déierebuttek, wou e mat zwéi Muppen un der Lénkt ze gesinn ass, wéi en aus dem Buttek trëppelt.
Commons: The Birds (film) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.