De Yúnnán (chineesesch: 云南 oder 雲南, "Südlech vun de Wolleken") ass eng Provënz am Südweste vun der Volleksrepublik China. Mat 394.100 Quadratkilometer ass se ongeféier sou grouss wéi Däitschland an Holland zesummen.
De Yunnan huet eng grouss Varietéit vu Biotopen: vu schnéibedeckte Bierger bis zu Däller mat tropescher, respektiv subtropescher Vegetatioun ass alles vertrueden. Am Yunnan liewen déi lescht 250 Elefanten aus China a fräier Natur.
Duerch de Yunnan lafen ë. a.:
De Yunnan grenzt un déi Autonom Territoiren Tibet a Guangxi an un d'Provënzen Sichuan a Guizhou. Weiderhi grenzt et un d'Staat Vietnam, Laos a Myanmar (Birma).
De Yunnan ass déi Provënz a China mat der héchster ethnescher Diversitéit. Eng 38 % vun der Bevëlkerung gehéieren zu ethnesche Minoritéiten, dorënner de Yi, de Bai, den Hani, den Dai, de Miao, de Lisu, den Hui, de Lahu, de Va, den Naxi, de Mosuo, de Yao, den Tibeter, de Jingpo, de Blang, de Primi, den Nu, den Achang, de Jino, de Mongolen, den Derung, de Mandschu, de Sui an de Bouyei.
De Yunnan besteet aus aacht bezierksfräie Stied an aacht Autonome Bezierker:
Den Téi ass eent vun de bekanntste Produkter aus der Provënz. Zënter dem Enn vum 19. Joerhonnert gëtt do och Kaffi ugebaut.
Touristesch Stied am Yunnan sinn Dali, d'Naxi-Stad Lijiang, Shangri-La, Shilin a Jinghong zu Xishuangbanna.
D'Alstad vu Lijiang (13. Jh.) ass zanter 1997 en UNESCO-Kultur-Weltierwen. Och de "Stenge Bësch" bei Shilin, 120 Kilometer südëstlech vu Kunming, steet op där Lëscht. Dat si Karstformatiounen am Kalleksteen, déi wéi Tierm bis zu 30 Meter héich an d'Luucht stinn.
Commons: Yunnan – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.