Centre hospitalier neuropsychiatrique
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Centre hospitalier neuropsychiatrique (CHNP) zu Ettelbréck ass en ëffentlecht Etablissement an dat gréisst psychiatrescht Spidol zu Lëtzebuerg. Et gouf duerch d'Gesetz vum 17. Abrëll 1998, dat den 1. Januar 1999 a Kraaft getrueden ass, gegrënnt[1].
Bei der Grënnung gouf dem Centre d'Gestioun vum Hôpital neuropsychiatrique de l'État vun Ettelbréck, vum Centre thérapeutique pour malades d'alcoolisme vun Useldeng a vum Centre thérapeutique pour toxicomanes vu Manternach iwwerdroen. Dobäi goungen och déi Staatsproprietéiten déi zu deenen Etablissementer gehéiert hunn an de Besëtz vum Centre.
Remove ads
Virgeschicht
Et gouf 1855 als hospice central gegrënnt an an enger fréierer Kasär ënnerbruecht[2]. Am Ufank waren do all Forme vu marginaliséierte Mënschen agespaart. Am arrêté grand-ducal vun 1855 steet, datt den hospice central fir « les indigents invalides et les aliénés » geduecht war[3]. 1901 gouf et dunn eng reng psychiatresch Institutioun (Maison de santé).
1931 gouf deen éischten oppene Service opgemaach. 1974 gouf aus der Maison de Santé den Hôpital neuropsychiatrique de l'État, den 1. Januar 1999[1] krut d'Institutioun dunn den haitegen Numm.
2005 gouf den CHNP an dräi Unitéiten opgedeelt: eng psychiatresch Rehaklinik, en Zentrum fir al Leit an en Zentrum fir Leit mat engem mentalen Handicap[4].
Remove ads
Zuel vun de Patienten
1856 | 1900 | 1954 | 1960 |
---|---|---|---|
56 | 423 | 771 | 885 |
Administratioun
Den CHNP gëtt vun engem Verwaltungsrot vu 14 Membere geréiert. Aacht Membere gi vum Gesondheetsminister genannt, zwee vum Personal mandatéiert (ee Medezinner an een anere Mataarbechter), zwee Membere si vum Conseil médical an zwee vun der Personaldelegatioun[5].
Bibliographie
- Maison de Santé - Ettelbruck (1855-1955), Luxembourg, Bourg-Bourger, 1955.
- Centre Hospitalier Neuro-Psychiatrique: 150 Joër (1855-2005), Ettelbréck, CHNP, 2005.
- Majerus J.-M., "Das Centre hospitalier neuro-psychiatrique", H. Willems, G. Rotink, D. Ferring, J. Schoos, M. Majerus, N. Ewen, M.A. Rodesch-Hengesch an C. Schmit (dir.), Handbuch der sozialen und erzieherischen Arbeit in Luxemburg, Lëtzebuerg, Saint-Paul, 2009, p. 113‑125.
Remove ads
Filmographie
- Orangerie (2013), en Documentaire vun der Anne Schiltz an dem Benoît Majerus (Samsa Films).
Um Spaweck
![]() |
Commons: Centre hospitalier neuro-psychiatrique CHNP – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
- (fr) Loi du 17 avril 1998 portant création d'un établissement public dénommé centre hospitalier neuropsychiatrique. legilux.public.lu (17.04.1998). Gekuckt den 11.09.2020.
- (fr) Arrêté royal grand-ducal du 10 avril 1855 portant que les bâtiments de l'Etat à Ettelbruck seront appropriés en hospice central. legilux.public.lu (10.04.1855). Gekuckt den 11.09.2020.
- Maison de Santé - Ettelbruck (1855-1955), Luxembourg, Bourg-Bourger, 1955, p. 7
- Historique op chnp.lu
- (fr) Conseil d'Administration. www.chnp.lu. Gekuckt den 11.09.2020.
Remove ads
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads