(1862) Apollo
Asteroid From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Nom (1862) Apollo gëtt eng ganz Grupp vun Asteroide genannt. Et sinn d'Apollo-Asteroiden. Dat sinn Himmelskierper, deenen hir exzentresch Bunn d'Äerdbunn kräize kënnen.
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Asteroid (1862) Apollo. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Apollo. |
Den Asteroid gouf am Joer 1932 vum Karl Wilhelm Reinmuth entdeckt an nom Apollon, engem Gott aus der griichescher Mythologie, benannt.
Den Apollo leeft op engem mëttleren Ofstand vun 1,471 AE a ronn 650 Deeg op enger staark exzentrescher Bunn ëm d'Sonn. Dobäi kann e bis op 5 Millioune km un d'Äerd erukommen.
Unhand vu Radarobservatioune mat dem Arecibo Observatoire gouf am Joer 2005 nogewisen, datt den Apollo vun engem klenge Mound begleet gëtt. De Begleeder huet en Duerchmiesser vu ronn 75 Meter a leeft am Ofstand vu ronn 3 km ëm den Asteroid.
Remove ads
Kuckt och
Um Spaweck
- (en) (1862) Apollo in the Minor Planet Center's Database
- (en) NASA JPL orbital simulation 1862 Apollo (Java)
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
