(90482) Orcus

Asteroid From Wikipedia, the free encyclopedia

(90482) Orcus
Remove ads

Den (90482) Orcus (Symbol: 🝿; al Bezeechnung 2004 DW) ass en transneptuneschen Objet an der Kuiperceinture.

Thumb
D'Bunn vum Orcus (blo) am Verglach zu deene vu Pluto (rout) an Neptun (gro)
op ee Bléck Eegenschafte vum Orbit, Orbittyp ...
Remove ads

Entdeckung

Den Asteroid gouf de 17. Februar 2004 vun engem Astronomenteam vum California Institute of Technology zu Pasadena, USA, entdeckt. Den Numm, dee vun den Entdecker virgeschloe gouf, gouf den 22. November 2004 offiziell ugeholl. Orcus ass de Gott vun der Ënnerwelt aus der réimescher Mythologie.

Eegenschaften

Den Orcus leeft op engem Ofstand tëscht 30,639 AE (Perihel) a 48,046 AE (Aphel) a ronn 247 Joer ëm eis Sonn. Well seng Bunngréisst am grousse Ganze mat där vum Zwergplanéit Pluto iwwereneestëmmt, gëtt en zu der Grupp vun de Plutinoe gezielt.

Den Duerchmiesser vum Orcus gëtt unhand vu senger visueller Hellegkeet op 1.600 bis 1.800 km geschat. Eng exakt Bestëmmung war bis elo nach net méiglech. Bis zu der Publikatioun vun der Entdeckung vum Zwergplanéit Eris am Juli 2005 hat den Orcus als méiglech gréissten, nei entdeckten Himmelskierper am Sonnesystem (zanter der Entdeckung vum Pluto) gegollt.

Remove ads

Mound

Am Februar 2007 huet en Team ëm de Mike Brown d'Entdeckung vum Mound Vanth mat 262 km Duerchmiesser bekannt gemaach, deen op Fotoen entdeckt gouf, déi 2005 gemaach goufen[1].

Andeelung

Et ass z'erwaarden, datt den Orcus méiglecherweis, an déi am Joer 2006 nei definéiert Klass vun de Zwergplanéite klasséiert gëtt. Wéinst senger Gréisst ass hien eventuell am hydrostatesche Gläichgewiicht a misst bal kugelfërmeg sinn. Ëmmerhin ass den Orcus méi grouss wéi den Zwergplanéit Ceres mat engem Duerchmiesser vun 975 km.

Bal grad sou grouss ass allerdéngs den Asteroid (90377) Sedna, mat engem geschaten Duerchmiesser vun tëscht 1.600 a 1.700 km. De Sedna gouf vum selwechten Astronomenteam kuerz virum Orcus fonnt. D'Entdeckung gouf awer eréischt méi spéit publizéiert, well d'extrem Bunnparameter an déi riseg Distanz eng méi laang Observatiounszäit brauchen.

Den Asteroid (50000) Quaoar an den Zwergplanéit (136199) Eris an der Kuiperceinture goufe vum Chad Trujillo an dem Mike Brown entdeckt.

Remove ads

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

 Commons: (90482) Orcus – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads