1790
Joer From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1790.
◄ |
17. Joerhonnert |
18. Joerhonnert
| 19. Joerhonnert
| ►
◄◄ |
◄ |
1786 |
1787 |
1788 |
1789 |
1790
| 1791
| 1792
| 1793
| 1794
| ►
| ►►
Evenementer
- 13. Februar: Frankräich: D'Klouschteruerde ginn ofgeschaf.
- 20. Februar: Nom Doud vum Joseph II. gëtt de Leopold II. réimesch-däitsche Keeser.
- 21. Mäerz: Frankräich: D'Gabelle (Salzsteier) gëtt ofgeschaf.
- 27. Abrëll: Frankräich: Grënnung vum Club des Cordeliers.
- 14. Mee: Frankräich: Ufank vum Verkaf vum Besëtz vum Klerus.
- 12. Juni: Frankräich: Avignon mécht d'Demande fir zu Frankräich gehéieren ze kënnen.
- 19. Juni: Frankräich: Den Adel gëtt ofgeschaf.
- 12. Juli: Frankräich: Zivilverfaassung vum Klerus. Et ginn nei Diözese geschaf an d'Geeschtlech gi Staatsbeamten, déi en Eed op d'Constitutioun leeschte mussen.
- 22. Juli: Frankräich: D'Zivilverfaassung vum Klerus gëtt vum Louis XVI. ugeholl.
- 14. Juli: Frankräich: Fête de la fédération.
- 27. August: Frankräich: D'Assignate kréien e Geldwäert.
- 4. September: Frankräich: Demissioun vum Necker.
- 21. Oktober: Frankräich: Den Tricolore gëtt Fändel vu Frankräich.
- 3. Dezember: Frankräich: De Louis XVI. schreift e Bréif un d'Preisen a freet si ëm Hëllef géint d'Revolutionären.
Remove ads
Konscht a Kultur
Wëssenschaft an Technik
Astronomie
- 4. Mäerz: De planetareschen Niwwel NGC 2440 gëtt vum däitsch-britteschen Astronom Wilhelm Herschel entdeckt.
- 5. Mäerz: De Wilhelm Herschel entdeckt de planetareschen Niwwel NGC 2346.
- 19. Mäerz: De Wilhelm Herschel entdeckt d'Balkespiralgalaxie NGC 4605.
- 7. November: Den däitsch-britteschen Astronom Friedrich Wilhelm Herschel entdeckt d'Spiralgalaxie NGC 39.
- 26. November: Den däitsch-britteschen Astronom Wilhelm Herschel entdeckt d'Spiralgalaxie NGC 13.
- 26. November: Den däitsch-britteschen Astronom Wilhelm Herschel entdeckt d'Balkespiralgalaxie NGC 21 oder NGC 29 (duebel nummeréiert!).
- 1. Dezember: De Wilhelm Herschel entdeckt d'Balkespiralgalaxie NGC 3079
Gebuer
- 29. Mäerz: John Tyler, 10. President vun de Vereenegte Staate vun Amerika.
- 18. Juni: François-Charles Collin, Politiker a Geometer.
- 3. August: John Cockerill, brittesch-belschen Industriellen.
- 21. Oktober: Alphonse de Lamartine, franséische Schrëftsteller a Politiker.
- 16. Dezember: Leopold I., éischte Kinnek vun de Belsch.
Gestuerwen
- 20. Februar: Joseph II., däitsche Keeser. Herrscher an den Éisträichesche Länner.
- 17. Abrëll: Benjamin Franklin, US-amerikaneschen Auteur, Naturwëssenschaftler a Politiker.
- 17. Juli: Adam Smith, schottesche Philosoph an Ekonomist.
- 11. Oktober: Marmaduke Tunstall, engleschen Ornitholog.
Um Spaweck
| Commons: 1790 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads