1791
Joer From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1791.
◄ |
17. Joerhonnert |
18. Joerhonnert
| 19. Joerhonnert
| ►
◄◄ |
◄ |
1787 |
1788 |
1789 |
1790 |
1791
| 1792
| 1793
| 1794
| 1795
| ►
| ►►
Evenementer
- 4. Februar: Frankräich: Eed op d'Constitutioun bei der Versammlung vun de Paschtéier.
- Februar bis Mee: Frankräich: Nei konstitutionell Bëscheef gi gewielt.
- 10. Mäerz: Frankräich: De Poopst Pius VI. verurteelt d'Zivilverfaassung vum Klerus.
- 15. Mäerz: Frankräich: Diplomatesche Broch tëscht Frankräich a Roum.
- 21. Abrëll: Frankräich: De La Fayette demissionéiert un der Spëtzt vun der Garde Nationale.
- 20. - 25. Juni: Frankräich: D'Flucht op Varennes: De Kinnek Louis XVI. versicht an d'Ausland ze kommen, gëtt awer vun Zaldote vun der Garde nationale nees op Paräis bruecht.
- 15. Juli: Frankräich: D'Nationalversammlung setzt de Kinnek nees an.
- 16. Juli: Frankräich: Déi moderéiert Feuillants trieden aus dem Jakobinerklub aus.
- 17. Juli: Frankräich: Schéisserei um Champs-de-Mars.
- 27. August: Pillnitzer Deklaratioun. De Keeser Leopold II. an de Friedrich Wilhelm vu Preise beschleisse sech an d'franséisch Affären anzemëschen, zu Gonschte vun der franséischer Monarchie.
- 3. September: Frankräich: D'Constitutioun vu 1791 gëtt vun der Nationalversammlung a vum Louis XVI. ugeholl a Frankräich gëtt zu enger konstitutioneller Monarchie.
- 14. September: Frankräich: De Kinnek Louis XVI. leescht en Eed op d'Constitutioun an erkläert, datt d'Revolutioun eriwwer ass.
- 30. September: Frankräich: D'Assemblée constituante gëtt opgeléist.
- 1. Oktober: Frankräich: Ouverture vun der Assemblée législative.
- 17. November: Frankräich: De Jérôme Pétion de Villeneuve gëtt Buergermeeschter vu Paräis.
- 25. November: Frankräich: Grënnung vum Comité de surveillance (spéidere Comité de sûreté générale).
Remove ads
Konscht a Kultur
Wëssenschaft an Technik
Gebuer
- 6. Januar: Charles Metz, Lëtzebuerger Journalist, Politiker an Entreprener.
- 21. Februar: Carl Czerny, éisträichesche Museker, Komponist a Musekpedagog.
- 23. Abrëll: James Buchanan, President vun de Vereenegte Staate vun Amerika.
- 20. Juni: Ferdinand Pescatore, lëtzebuergesche Geschäftsmann a Politiker.
- 16. September: Jean-Henri-Guillaume Krombach, Agronom, Apdikter a Botaniker.
- 20. September: François-Joseph Maisonnet, lëtzebuergesche Moler.
- 22. September: Michael Faraday, englesche Naturwëssenschaftler.
- 23. September: Johann Franz Encke, däitschen Astronom.
- 26. September: Théodore Géricault, franséische Moler.
Remove ads
Gestuerwen
- 2. Abrëll: Honoré Gabriel Riqueti de Mirabeau, franséische Journalist a Politiker.
- 16. Oktober: Grigori Alexandrowitsch Potjomkin, russesche Feldmarschall a Staatsmann.
- 5. Dezember: Wolfgang Amadeus Mozart, éisträichesche Komponist.
- 12. Dezember: Christoph Salzmann, loutrengesche Paschtouer.
Um Spaweck
| Commons: 1791 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads