1795
Joer From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1795.

◄ |
17. Joerhonnert |
18. Joerhonnert
| 19. Joerhonnert
| ►
◄◄ |
◄ |
1791 |
1792 |
1793 |
1794 |
1795
| 1796
| 1797
| 1798
| 1799
| ►
| ►►
Evenementer
- 7. Abrëll: De Meter gëtt a Frankräich als Längtemooss agefouert.
- 12. Juni: D'Éisträicher kapituléieren an iwwerloossen d'Festung Lëtzebuerg de Fransousen.
- 22. Juni: Lëtzebuerg: D'Franziskanerklouschter an d'Kapuzinerkierch ginn zougemaach.
- 25. Oktober: Den Uschloss vu Lëtzebuerg ënner dem Numm Département des Forêts un déi franséisch Republik gëtt proklaméiert. Domat fänkt déi zweet franséisch Herrschaft iwwer Lëtzebuerg un.
- 26. Oktober: A Frankräich trëtt de Regimm vum Directoire a Kraaft.
Remove ads
Konscht a Kultur
- François-Joachim de Pierre de Bernis, La Religion vengée, poème en 10 chants (posthum)
Wëssenschaft an Technik
Gebuer
- Jean-Baptiste Wolff, lëtzebuergeschen Enseignant an Historiker.
- Nikolaos Mantzaros griichesche Komponist a Musekpedagog.
- 6. Februar: Michael Bormann, däitsche Paschtouer an Heemechtfuerscher aus der Äifel.
- 9. Februar: Guillaume Bodinier, franséische Moler.
- 20. Februar: Gabriel de Marie, lëtzebuergeschen Händler a Politiker.
- 24. Februar: Mathias Lefort, Iechternacher Postbeamten a Politiker.
- 24. Mäerz: Jean-Mathias Wellenstein, lëtzebuergesche Riichter, Minister, Chamberpresident a Member vum Staatsrot.
- 17. Mee: Guillaume Pescatore, lëtzebuergesche Schmelzhär an Industriellen.
- 10. August: Emmanuel d'Huart, franséischen Offizéier an Historiker.
- 2. November: James K. Polk, den 11. President vun de Vereenegte Staate vun Amerika.
Remove ads
Gestuerwen
- 11. Februar: Carl Michael Bellman, schweedeschen Dichter.
- 20. Abrëll: Johan Henric Kellgren, schweedesche Schrëftsteller.
- 26. Juni: Jakob Friedrich Ehrhart, Schwäizer Botaniker.
- 7. Juli: Johann Eberhard Jungblut, lëtzebuergesche Paschtouer.
Um Spaweck
| Commons: 1795 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
