Aarmut
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Ënner Aarmut versteet ee fir d'éischt de Manktem[1] u liewenswichtege Gidder (beispillsweis Iessen, Logement, Kleedung), am weideren allgemenge Sënn d'Feele vun deem, wat gebraucht oder vermësst gëtt. Als sozioekonomescht Konzept gëtt den Aarmut als en Zoustand vu staarker sozialer Benodeelegung ugesinn,[2] wat zu enger ongenügender Versuergung mat materielle Gidder a Déngschtleeschtunge féiert.[3]
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Europäesch Unioun definiert als „aarm“ deen, dee manner wéi 60 % vum duerchschnëttlechen Akommes vu sengem Heemechtsland zur Verfügung huet. Bei den ekonomeschen Aarmutskonzepter gëtt doriwwer eraus tëscht relativer Aarmut an absolutter Aarmut en Ënnerscheed gemaach.
Remove ads
Definitiounen

Fest oder absolut Grenze gëtt et keng.
Absolut Aarmut
Fir en Iwwerbléck iwwer d'Probleme vun den Entwécklungslänner kënnen ze ginn, huet de fréiere President vun der Weltbank, Robert McNamara, de Begrëff vun der absolutter Aarmut ageféiert. Hien definéiert absolut Aarmut als d'Liewen ënner dem ënneschten Niveau dee fir z'existéieren erfuerderlech ass.
D'International Development Association (IDA) huet follgend Indikatoren opgestallt, déi déi absolut Aarmut ëmzeechnen:
- Pro-Kapp-Akommes (PKE) < 150 US-$/Joer
- Kaloriëverbrauch jee no Land < 2160–2670/Dag
- Durchschnëttlech Liewenserwaardung < 55 Joer
- Kannerstierflechkeet > 33/1000
- Gebuertentaux > 25/1000
Aus de Statistike vun der Weltbank geet ervir, datt d'Bevëlkerung, déi ënner der Aarmutsgrenz liewe muss, zanter 1990 zeréckgaangen ass:[4]
Relativ Aarmut
Remove ads
D'Aarmut zu Lëtzebuerg
Lëtzebuerg figuréiert zwar fir 2006 weltwäit op der éischter Plaz an der Statistik vum Akommes pro Kapp vun der Bevëlkerung (71.400$), gefollegt vun de Vereenegten Arabeschen Emirater (49.700), Norwegen (46.300), Irland (44.500), USA (43.800), Schwäiz (43.800). Dat wëllt awer net heeschen dat et zu Lëtzebuerg keng Aarmut gëtt.[5] D'Caritas beweist de Géigendeel:[6]
Et stellt een also fest, dat 11.2 % vun de Stéit, respektiv 12 % vun den Eenzelpersounen déi zu Lëtzebuerg wunnen, mat engem Liewensniveau vu 60 % ënner der Mediane auskomme mussen.
De Geschichtsmusée vun der Stad Lëtzebuerg huet d'Theema Aarmut zu Lëtzebuerg vun 1850 bis haut an enger besonnescher Ausstellung opgegraff[8], déi vum Mee 2011 bis Abrëll 2012 gedauert huet.
Remove ads
Referenzen
- Brodbeck, Karl-Heinz: Ökonomie der Armut
- Reinhold G./Lamnek S./Recker H.: Soziologie-Lexikon, Seite 32
- Stichwort: Armut am Heidelberger Online-Lexikon der Politik
- Quell: PSELL2 – CEPS/Instead
Literatur
Um Spaweck
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads