Adrienne Juncker

lëtzebuergesch Textilkënschlerin From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

D'Adrienne Juncker, gebuer de 17. Oktober 1923 zu Niderviller, a gestuerwen 1989 zu Stadbriedemes, war eng lëtzebuergesch Textilkënschtlerin.[1]

op ee Bléck Gebuer, Gestuerwen ...

Liewen an Aarbecht

D'Adrienne Juncker ass an d'Handwierkerschoul an der Stad Lëtzebuerg gaangen. Si huet Textiltapisserie a Wanddekoratioune gemaach. Si huet u Konscht- an Handwierksausstellungen doheem an am Ausland deelgeholl an huet hir Wierker zu Tunis (1970-1971),[2] Arel (1972) an a Kanada (1975)[3] ausgestallt, an och zesumme mam Frantz Kinnen, mat der Colette Probst-Wurth an der Andrée Wirion an der Ausstellung Les Métiers de création du Benélux am Musée fir Konschthandwierk vun der Provënz Antwerpen um Schlass Sterckshof zu Deurne bei Antwerpen (1975).[4]

Si war Member vum Kënschtlerveräin Cercle artistique de Luxembourg, wou si vun 1985 un den alljärleche Salonen deelgeholl huet,[5] Si huet 1964 de Prix Benelux um Artisanat de création et architecture zu Bréissel gewonnen.

Remove ads

Gielercher

  • 1964 Prix Benelux

Um Spaweck

Kuckt och

Referenzen

  1. "Adrienne Juncker", Lëtzebuerger Konschtlexikon, MNAHA.
  2. "Artisanat d'art luxembourgeois au Canada", Luxemburger Wort, 10. November 1972.
  3. "Benelux-Werkkunst-Ausstellung 1975", Luxemburger Wort, 28. Juni 1975.
  4. Jos Welter, red. (1993) Rétrospective : Cent ans d'art luxembourgeois 1893-1993. Luxemburg: Cercle artistique de Luxembourg / Crauthem: Lux-Print. ISBN 2-919970-24-0.
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads