Alternative für Deutschland

politesch Partei an Däitschland From Wikipedia, the free encyclopedia

Alternative für Deutschland
Remove ads

D'Alternative für Deutschland (kuerz: AfD) ass eng däitsch politesch Partei, déi 2013 als Reaktioun op d'Rettungspolitik vun der Eurozon duerch d'Europäesch Unioun gegrënnt gouf.

op ee Bléck Ofkierzung, President ...

Ufanks nach éischter als wirtschaftsliberal bezeechent, gëtt d'AfD haut am politesche Spektrum riets vun der CDU/CSU situéiert a gëllt als rietspopulistesch oder rietspopulistesch beaflosst.

Hiren éischte Succès waren iwwerregional Mandater bei der Europawal 2014. Zënterhier sëtzt s'och an de Landesparlamenter vu verschiddenen däitsche Bundeslänner. Bei de Bundestagswalen 2013 krut se 4,7 % vun de Stëmmen, ass awer trotzdeem net an den Däitsche Bundestag komm, well dat an Däitschland eréischt mat 5 % oder méi vun de Stëmme méiglech ass (déi sougenannt "Fünf-Prozent-Hürde").

Hire gréisste Succès hat d'AfD bei de Bundestagswalen 2017, wéi se 12,6 % vun de Stëmmen a 94 Sëtz krut.[1] E puer Deeg no der Wal ass d'Parteicheffin Frauke Petry aus der Partei ausgetrueden, well hir d'Richtung, an där d'Partei sech géif beweegen, net gefall huet.[2],[3] De fréiere Parteichef Bernd Lucke hat am Juli 2015 d'Partei och schonn aus dem selwechte Grond verlooss an ouni grousse Succès eng eege Partei gegrënnt.[4]

Remove ads

Parteicheffe vun der AfD

D'Cheffen ("Bundessprecher") vun der AfD zënter der Partei hirer Grënnung waren:

  • 2013-2015: Konrad Adam, Frauke Petry, Bernd Lucke
  • 2015-2017: Frauke Petry, Jörg Meuthen
  • 2017-2019: Jörg Meuthen, Alexander Gauland
  • 2019-2022: Jörg Meuthen, Tino Chrupalla
  • 2022-haut: Tino Chrupalla, Alice Weidel

Um Spaweck

 Commons: Alternative für Deutschland – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. Manager Magazin: Frauke Petrys kalkulierter Abgang (25. September 2017)
  2. Spiegel Online: AfD bangt um ihre Mitte (29. September 2017)
  3. Spiegel Online: Spekulation über neue Petry-Partei (27. September 2017)
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads