Agena
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
D'Agena war eng amerikanesch Uewerstuf fir Raumfaart-Drorakéiten. Hir Entwécklung berout op der no den éischte Satellittestarten um Enn vun den 1950er Jore gewonnener Erkenntnes, datt wann ee Satelliten (z. B. fir Opklärung) erfollegräich benotze wëll, ee genee definéiert Ëmlafbunne muss hunn. Déi konnte mat de Feststoffrakéitestufen déi nëmmen eemol gezünt konnte ginn net erreecht ginn.
Entwécklungsgeschicht
Vun 1955 un gouf der Arméi kloer, datt d'Satellitten-Technik an der Opklärung vu friemen Territoirë eng grouss Roll spille géif. An deem Sënn gouf de Programm WS 117L (WS fir Weapons System) gegrënnt. De Kär war e Foto-Opklärungssatellit, deem seng Fotoen op Filmer a Kapselen zeréck op d'Äerd bruecht solle ginn (Keyhole-CORONA). Déi Kapsele sollte wärenddeem se nach um Fallschierm hounge vu Fligere gefaange gi, fir méiglechst wéineg "Feindverloscht-Risiko" ze hunn. D'Viraussetzung war e Satellit, deen an der Ëmlafbunn manövréiere konnt. Dofir huet e missen eng Lagereegelung hunn souwéi en Dreifwierk dat e puermol konnt gezünnt ginn. Am Oktober 1956 krut d'Firma Lockheed de Kontrakt, well si op Entwécklunge fir e steierbaart Rakéitegeschoss fir Nuklearsprengkäpp vum Bomber B-58 Hustler zeréckgräife konnt. D'US Air Force bezeechent dëse Fluchkierper als RM-81 Agena. D'Satellitte goufen als Discoverer bekannt. Als Dreifstoff gouf déi lagerfäeg Kombinatioun Salpéitersaier/UDMH ausgewielt. D'Agena-Uewerstuf ass an de meeschte Fäll mat der eigentlecher Notzlaascht zesummebliwwen. Nëmme verschidden Deeler goufen no engem méi laange kollektivem Fluch fir de Retour oder als Raumsond ofgetrennt.
Remove ads
Agena A

Déi éischt Agenaen hunn Dreifwierker vum Typ Bell XLR81-BA-3 (Modell 8001) benotzt, déi meescht awer duerno den Typ XLR-81-BA-5 (Modell 8048) mat zirka 69 kN (15 500 lb) Schub fir eng Brenndauer vun 120 s. D'Dreifwierk hat kardanesch opgehaangen Düse fir d'Nick- a Gier-Steierung. Mat der Thor-Agena A goufen déi éischt optesch CORONA-Opklärungssatellitte vun der Discoverer-Serie (KH-1 fir Keyhole gestart, op lëtzebuergesch Schlëssellach). D'Kombinatioun Atlas-Agena A gouf fir de Midas (Missile Detection and Surveillance) Fréiwarnsystem vu Rakéitestarten a fir den elektroneschen Iwwerwaachungsystem Samos (Satellite and Missile Observation System) benotzt.
Remove ads
Agena B
D'Agena B, eng Weiderentwécklung vun der Agena A, hat hat verlängert Tanken an Dreifwierker vum Typ Bell XLR-81-BA-7 (Modell 8081). Déi Dreifwierker konnten am Vakuum nei gezünnt ginn. Se haten zirka 71 kN (16000 lb) Schub, an d'Totalbrennzäit hat sech op 240 s verduebelt. Spéider Varianten hunn d'Dreifwierk Bell XLR-81-BA-9 (Modell 8096) benotzt. D'Thor-Agena B gouf nees fir Satellitte vun der Keyhole-Serie (KH-2/3/4/5) an deelweis fir de Samosprogramm agesat. D'Atlas-Agena B fir Midas a Samos. Och d'Ranger-Mound- a Raumsonde goufe mat hir gestart.
Agena C
D'Agena C sollt eng Weiderentwécklung mat nach enger verduebelter Tankkapazitéit sinn. Se gouf awer net realiséiert
Agena D


Wärend d'Agena A a B fir all Missioune speziell ugepasst goufen, gouf mat der Agena D op Basis vun der Agena B eng éischt standardiséiert Plattform fir Notzlaaschten, souwuel fir Thor-, Atlas- an och Titan-Rakéite geschaaft. D'Notzlaascht war am Nuesekonus, oder blouf, wéi am Fall vun de Keyhole-Satelliten, fest mat der Agena verbonnen. Ausserdeem konnten um Heck vun der Stuf kleng Sekundärnotzlaaschten festgemaach ginn. D'Notzlaaschte waren ë. a. d'Mariner-Planéitesonden, awer och d'Gemini Agena Target Vehiclen an Zilsatellitte fir Kopplungsexperimenter am Kader vum Gemini-Programm. Déi meescht Notzlaaschte waren awer militäresch. Mat den Thor-Variante goufen d'Satellitte vun den optesche CORONA-Opklärungssatellitten (KH-4/4A/4B), ARGON (KH-5) a LANYARD (KH-6) gestart. D'Atlas (LV-3A/SLV-3) hunn déi optesch GAMBIT (KH-7), d'Atlas SLV-3A d'CANYON/RHYOLITE/AQUACADE-Satellitte fir elektronesch Opklärung (ELINT/SIGINT) op geostationär Ëmlafbunne bruecht. Mat den Titan 3B/23B/24B goung den opteschen Opklärungsprogramm GAMBIT (KH-8) weider. Déi méi grouss Titan 33B/34B gouf nees fir d'SIGINT-JUMPSEAT-Satellitte benotzt.
Remove ads
Technesch Donnéeën
Remove ads
Startlëscht vun der Agena-Stuf
Remove ads
Kuckt och
- Lëscht vun de Rakéitentyppen
Um Spaweck
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads