Aix-en-Provence
franséisch Gemeng From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Aix-en-Provence ass eng franséisch Gemeng am Departement Bouches-du-Rhône an der Regioun Provence-Alpes-Côte d'Azur. D'Awunner ginn "Aixois" genannt.
Remove ads
Kuckeswäertes
Muséeën
- Musée des Tapisseries: Kollektioun vum Äerzbistum. Tapissereien déi am 17. an 18. Joerhonnert zu Beauvais gemaach goufen, verschiddener no Virlage vum Bérain, eng Serie vun 9 Panneauen aus dem Liewe vum Don Quichotte, a 4 Panneauen op Virlage vum Leprince.
- Musée Granet: Gebaut 1671, d'Priorat gouf 1838 e Musée. De François Marius Granet huet dem Musée e groussen Deel vu senge Molereie vermaach, an 1949 gouf en no sengem Numm gedeeft. Am Musée sinn och 10 Wierker vum Cézanne ze gesinn.
- Fondation Vasarely: Gebaut 1973 no Pläng vum Victor Vasarely. D'Fassad, déi aus Folleg vu grousse schwarzen a Wäisse Kreesser besteet ass caracteristesch fir säi Wierk.
- Hôtel d'Estienne de Saint-Jean: Gebaut am 18. Joerhonnert. Zanter 1930 ass de Musée du parlement de Provence et du vieil Aix am Gebai.
Aner Gebaier
- D'Stadhaus mat dem Beffroy: Gebaut tëscht 1655 a 1678
- D'Kathedral, 12 bis 17. Joerhonnert, mat niewendrun dem Klouschter aus dem 12. Joerhonnert
- Den Äerzbëschofspalais
- De Quartier Mazarin mat iwwer 60 Hotellen, de Sprangburen am fréiere Cours des Carosses, haut Cours Mirabeau, an de Statue vum Sculpteur Truphème
Remove ads
Verkéier
Aix-en Provence ass un de Verkéier ugeschloss iwwer:
- D'Eisebunnsstreck Grenoble - Marseille, Ligne des Alpes
- D'Autobunn A8 (La Provencale)
- D'Autobunn A51
- D'TGV-Streck Méditerannée (LN5), Saint-Marcel-les-Valence - Marseille
Kulturelles
Am Joer 2006 huet Aix-en-Provence den 100. Doudesdag vum Moler Paul Cézanne gefeiert, deen do gebuer gouf.
Biller
- D'Kathedral
- D'Geriichtsgebai "Palais Monclar"
- D'Rotonde um Enn vun der Cour Mirabeau
- D'Stadhaus zu Aix-en-Provence
- Den Äerzbëschofspalais
- Kathedral vun Aix-en-Provence
- Uergel an der Kathedral zu Aix-en-Provence
- Plaffong vun der Dafkappell an der Kathedral vun Aix
- Place de l'Hotel de Ville
- De Maart zu Aix-en-Provence
- De Beffroi zu Aix
- D'Rotonde
Kuckt och
Um Spaweck
Um Spaweck
![]() |
Commons: Aix-en-Provence – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads