Postcode

Zifferen an/oder Buschtawen fir d'Verdeelen an d'Sënnere vum Postcourrier From Wikipedia, the free encyclopedia

Postcode
Remove ads
Remove ads

De Postcode ass en Ensembel vun Zifferen an/oder Buschtawen, dee vun de Postgesellschafte gebraucht gëtt fir d'Verdeelen an d'Sënnere vum Courrier méi séier a méi einfach kënnen ze maachen.

Thumb
Stroosseschëld am Postdistrikt 2 zu Cork

Postcodë kënne vun automatesche Sënnermaschinne gelies ginn an d'Verdeele vum Courrier op déi respektiv Verdeelerplaze ka sou ouni manuell Interventioun gemaach ginn.

D'Postcodë vun de verschiddene Länner sinn am Prinzip no geographeschen Zonen agedeelt. Verschidde Spezialcodë si fir Postkëschten oder wéi z. B. a Frankräich fir Institutiounen oder Entreprisë reservéiert. Dat ass do de System CEDEX (Courrier d'entreprise à distribution exceptionnelle).

Zu Singapur huet all gréissert Gebai säin eegene Postcode.

Irland ass dat eenzegt Land an der EU, dat laang kee landeswäite Postcodesystem hat. Just an de Stied Dublin a Cork gouf en een- oder zweestellege Code benotzt[1], ier 2015 den Eircode agefouert gouf[2].

Remove ads

Zu Lëtzebuerg

Zu Lëtzebuerg gouf de Postcode am Juli 1980 agefouert a besteet aus 4 Zifferen. Mat him gi ganz prezis d'Stroossen an den Uertschaften definéiert. Méi kleng Dierfer hunn awer just ee Code fir déi ganz Uertschaft. Bei méi grousse Stroossen ass et awer heiansdo sou, datt déi riets an déi lénks Säit ënnerscheet ginn, oder eng méi laang Strooss vun enger bestëmmter Hausnummer un en anere Code kritt.[3] Och méi grouss Entreprisen, Administratiounen a Postkëschtadressen hunn hiren eegene Postcode.

Grond fir d'Aféierung war, datt esou eng automatiséiert Virzortéierung méiglech gouf. Et huet e Strapp gedauert, ier et zur Gewunnecht gouf, de Code mat an d'Adresse op e Bréif ze schreiwen: Sechs Joer no senger Aféierung goufen nach ëmmer 25 % vun alle Postsendungen - déi allermeescht dovu Privatkorrespondenz - ouni Postcode verschéckt.[4]

Beispiller

Méi Informatiounen Uertschaft / Strooss, Restriktioun ...
Remove ads

Um Spaweck

Commons: Postcode – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. Getting an Eircode. www.eircode.ie. Gekuckt de(n) 05.12.2020.
  2. "Search a postcode" op post.lu (nogekuckt: 27.08.2024).
  3. frm: "Postleitzahl: Stockende Verallgemeinerung." In: Revue, 42. Jg., nº 47 (20.11.1986), p. 22-24. Digitised by the National Library of Luxembourg.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads