Alexei Anatoljewitsch Nawalny

russeschen Affekot, Blogger, Politiker a politeschen Aktivist From Wikipedia, the free encyclopedia

Alexei Anatoljewitsch Nawalny
Remove ads

Den Alexei Anatoljewitsch Nawalny (op Russesch: Алексей Анатольевич Навальный), gebuer de 4. Juni 1976 am Duerf Butyn am Distrikt Odinzowo am Oblast Moskau[1], a gestuerwen de 16. Februar 2024 zu Charp am Jamal-Nenzeschen Autonome Krees, war e russeschen Affekot, Blogger[2], ë. a. YouTuber[3], Politiker a politeschen Aktivist[4]. An der Zäit vun der Regierung Putin-Medwedew gouf hien als ee vun de Leadere vun der russescher Oppositioun bekannt[5],[6],[7]. Wéinst enger Verurteelung an engem kontestéierte Prozess gouf him verbueden, weider Kandidat fir déi russesch Presidentschaft 2018 ze bleiwen[8].

Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...

2012 war en onofhängege Kandidat fir Moskauer Buergermeeschter ze ginn, a koum op déi zweet Plaz[5].

Den Nawalny war e bekannten Aktivist géint d'Korruptioun a Russland[2],[9], a war de Grënner vun der Fondatioun fir Korruptiounsbekämpfung (Fond borby s korrupzijei)[10]. Seng Documentairen Tschaika (2015, iwwer de russesche Generalprocureur Juri Tschaika, seng Filssen an d'Korruptiounsaktivitéit vun dëser Famill) an On wam ne Dimon ("Dir sollt hien net Dimon nennen"/2017, iwwer de komplizéierte System vun der Korruptiounsaktivitéit vum Ex-Ministerpresident Medwedew) hate grousse Succès. Honnertdausenden a souguer Millioune Leit hunn d'Filmer op YouTube gekuckt[11],[12].

Den Alexei Nawalny a seng Ënnerstëtzer gi vum putinistesche Regimm aktiv verfollegt[13],[14],[15],[16]. Am August 2019 huet hien eng Attack mam Nervegëft Nowitschok knapps iwwerlieft[17] a gouf zu Berlin nees gesond gefleegt[18]. Dono ass hien nees a Russland geflunn, a gouf direkt wéi en do ukoum festgeholl, mam Virworf, d'Oploe vu sengem konditionéierte Fräigang net respektéiert gehat soll hunn[19]. Kuerz dono huet seng Organisatioun Dworez dlja Putina ("De Palais fir de Putin", international bekannt als Putin's Palace) op YouTube publizéiert, an deem gewise gouf, wéi de Putin e geheimen, honnerte vu Milliounen deiere Palais gebaut krut. Den Nawalny gouf an dräi Prozesser alles an allem zu 19 Joer Stroflager veruerteelt[20].

De 16. Februar 2024 ass den Nawalny am Alter vu 47 Joer am Prisong gestuerwen[21]. D'Julija Nawalnaja, Wittfra vum Nawalny, huet doropshin deklaréiert, datt si d'Aarbecht vun hirem Mann weiderméich[22].

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Alexey Navalny – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads