Henry Fonda

US-amerikanesche Schauspiller From Wikipedia, the free encyclopedia

Henry Fonda
Remove ads

Den Henry Fonda, gebuer als Henry Jaynes Fonda de 16. Mee 1905 zu Grand Island, Nebraska, a gestuerwen den 12. August 1982 zu Los Angeles, Kalifornien, war en US-amerikanesche Schauspiller.

Séier Fakten Gebuertsnumm, Gebuer ...
Thumb
Henry Fonda

Den Henry Fonda ass de Papp vun de Schauspiller Jane Fonda a Peter Fonda an de Grousspapp vun der Schauspillerin Bridget Fonda.

Den Henry Fonda huet souwuel a klassesche Western wéi My darling Clementine vum John Ford an The Ox-Bow Incident vum William A. Wellman matgespillt, wéi spéider dann och am italieenesche Kult-Western C'era una volta il West vum Sergio Leone. Vu sengen dramatesche Filmer siwen ernimmt Jezebel, vum William Wyler, The Wrong Man vum Alfred Hitchcock, 12 Angry Men a Fail-Safe déi zwéi leschtgenannte vum Sidney Lumet. A grouss opgezunnenen historesche Filmer war den Henry Fonda och ze gesinn, wéi War and Peace vum King Vidor,The Longest Day vum Ken Annakin, Andrew Marton a Bernhard Wicki an How the West Was Won vum John Ford, Henry Hathaway an George Marshall.

A sengem leschte Kinosfilm On Golden Pond vum Mark Rydell huet hien déi eenzeg Kéier a senger Carrière mat der Katharine Hepburn zesummegespillt. Och war et den eenzege Film zesumme mat senger Duechter Jane Fonda. Fir seng Haaptroll an dësem Film krut hien och den Oscar als beschte Schauspiller.

Remove ads

Filmographie

vun 1935 bis 1939

vun 1940 bis 1949

vun 1950 bis 1959

vun 1960 bis 1969

vun 1970 bis 1981

Remove ads

Literatur

  • Michael Kerbel: Henry Fonda. Seine Filme - sein Leben.. Heyne-Filmbibliothek, Band 56. Heyne, München 1982, 262 S., ISBN 3-453-86056-X.
  • Tony Thomas: The Complete Films of Henry Fonda. Citadel Press, Secaucus N.J. 1983, 255 S., ISBN 0-8065-1189-3
  • Henry Fonda, Howard Teichmann: Fonda: My Life. 1984.
  • Peter Collier: The Fondas. A Hollywood Dynasty. Putnam Pub Group 1991.
  • Andreas Kern: Die Fondas. Campus 2001, ISBN 3-593-36531-6.
Remove ads

Um Spaweck

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads