Butan
cheemesch Verbindung From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
n-Butan ass e kettefërmege Kuelewaasserstoff, deen zu den Alkane gehéiert. D'Famill vun de Butanen besteet aus zwéin Isomeren, dem n-Butan an dem Isobutan.
Remove ads
Physikalesch Eegenschaften
n-Butan huet keng Faarf a kee Geroch. En ass ganz liicht ze verflëssege wéinst sengem héije Kachpunkt. E gëtt dofir mat wéineg Drock ënner flësseger Form a Gasfläschen transportéiert.
n-Butan léist sech schlecht am Waasser op. Dogéint ass en am Alkohol, Ether an am Chloroform gutt léislech.
Cheemesch Eegenschaften
n-Butan brennt un der Loft ouni vill Réckstänn. Mat Sauerstoff gemëscht ass en explosiv. Bei der Verbrennung entsteet Kuelendioxid a Waasser.
Mat den Halogenen Chlor a Brom forméiert de Butan Substitutiounsproduiten.
Remove ads
Virkommen
Butanen oder n-Butan kënnt am Äerdgas an am Äerdueleg vir. Donieft entsteet en an de Pëtrolsraffinerien a beim Cracking.
Uwendung

n-Butan ass den Haaptbestanddeel vum Flësseggas. E gëtt an Drockfläsche gelagert a mam Isobutan gemëscht als Brennes benotzt. D'Campingsfläschen enthale 70-80 % Butan an 20-30 % Propan. Si gi nach mat Buten, Propen a Mercaptanen als Gerochsstoffer vermëscht. Gasfläsche mat Butan sollen op kille Plaze lageren a vu liichtentzündleche Materialien ewegbleiwen.
De kettefërmege Butan gëtt an der Chimie geholl fir Butadien a Buten hierzestellen. Ausserdeem gëtt en an der Alkylatioun benotzt fir d'Oktanzuel vum Sprit z'erhéijen. Doriwwer eraus ass Butan och Killmëttel fir Frigoen. Am Géigesaz zu den FCKW ass e net ozonschiedlech. An en ass en Dreiwmëttel fir Spraydousen.
Remove ads
Auswierkungen op d'Gesondheet
A groussen Dose wierkt Butan narkotesch. Duerch Anotme vum Butan kann een erstécken oder un engem plëtzlechen Doud stierwen.
Literatur
- Martindale, The Extra Pharmacopoeia, Thirtieth Edition
- Éditions A. De Boeck, Bruxelles, 1979, Chimie organique, A. Dessart - J. Jodogne - J. Paul
Um Spaweck
![]() |
Commons: Butan – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads